arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hoffnung am Virfeld vun de Gespréicher tëschent Trump a Putin

Gespréicher an Alaska

|
headphones

2 min

Hoffnung am Virfeld vun de Gespréicher tëschent Trump a Putin

Am Virfeld vum Sommet tëschent Donald Trump a Wladimir Putin de Freideg an Alaska gëtt et engersäits Hoffnung, mee op där anerer Säit och Angscht iwwer dat, wat um Enn vun deem Gespréich wäert stoen.

headphones

2 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot )

Sollt de Wladimir Putin net mam Enn vun deem Krich d'accord sinn, huet den Donald Trump déifgräifend Konsequenzen annoncéiert. Den Trump huet dem Wladimir Putin a de leschte Méint e puermol scho gedreet, ouni datt et bis elo Konsequenze goufen.

Déi europäesch Staats- a Regierungscheffen hunn dem Donald Trump gëschter um Mëttwoch an enger Videokonferenz hir Vue mat op de Wee ginn. Bei där Konferenz war den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj derbäi, mee ënner anerem och den US-amerikanesche Vizepresident JD Vance.

D'Amerikaner géifen op Europa lauschteren, sot de Luc Frieden de Mëttwoch den Owend am 100,7-Interview.

"De Vizepresident Vance huet gesot, mir sinn all een Team an dat huet een och gespuert."

Waffestëllstand a keng Gespréicher ouni d'Ukrain

Et wier ee sech eens, datt et kuerzfristeg ee Waffestëllstand braucht an datt net ouni d'Ukrain iwwer hiren Territoire geschwat wäert ginn. Kloer wier och, datt d'Ukrain laangfristeg Sécherheetsgarantië braucht.

play_arrow Lauschteren

"Elo muss een natierlech kucken, wat de Freideg geschitt. Mee de Fait, datt mir am Virfeld zesummen esou eng konstruktiv Diskussioun haten, kann ech als - och aus Lëtzebuerger Siicht - aus europäescher Siicht nëmme positiv aschätzen."

Et misst een elo ofwaarden, wat d'Russe wierklech wéilten. 

"Si soten, wat si wëllen, wéi si de Krich ugefaangen hunn, si hunn awer net gesot, wéi si d'Enn vum Krich envisagéieren."