Et ass déi zweete Kéier, datt d‘Flüchtlingshëllefswierk vun der UNO dee Forum organiséiert. Et ginn eng 3.000 Vetrieder aus der Politik, Zivilgesellschaft a vun Hëllefsorganisatiounen erwaart.
Och den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres soll dobäi sinn. Et soll de Länner d‘Geleeënheet ginn, méi Suen ze spenden a Léisungen ze fanne fir di weltwäit Migratiounsbeweegungen.