Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Slaps - Fool

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Rapport: Hausse vun de Loyeren nëmme schwéier ze erklären

Observatoire de l‘habitat

Neie Rapport: Hausse vun de Loyeren nëmme schwéier ze erklären

Et wier schwéier ze erklären, firwat d‘Loyeren an de leschte Joren sou staark gewuess sinn. Dat stellt den Observatoire de l‘habitat an engem neie Rapport fest.

auto_stories

1 min

Loyer | © Unsplash / Tierra Mallorca
Loyer (Foto: Unsplash / Tierra Mallorca)

Tëscht 2018 an 2022 wier et eng Period ginn, wou d‘Loyerspräisser staark geklomme sinn. Et géif dofir awer keng logesch wirtschaftlech Explikatioun ginn. Eng vun den Hypotheesen ass dem Observatoire de l‘habitat no, de "staarken Appetit vun den traditionellen Investisseuren", déi scho laang zu Lëtzebuerg aktiv sinn. Fir déi sinn aner alternativ Placementer net sou attraktiv, well déi kee sou en héije Rendement hunn, wéi ebe Locatiounen.