Radioen

On air

9 bis 1  |  Eltereschoul J. Korczak

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ David Wagner: Gemenge missten obligatoresch 10 Prozent abordabel Wunnenge bauen

Fir méi bezuelbare Wunnraum

David Wagner: Gemenge missten obligatoresch 10 Prozent abordabel Wunnenge bauen

Dem David Wagner no misst een en obligatoreschen Taux vun abordabele Wunnenge fir d'Gemenge virgesinn. Den Deputéierte vun déi Lénk kéint sech zum Beispill een Taux vun 10 Prozent abordabele Wunnenge bei neie Bauprojete virstellen. Dee Moment missten d'Gemengen dee Wunnpark och selwer geréieren an dobäi misst ee si ënnerstëtzen.

auto_stories

2 min

headphones

9 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

D'Gemenge wiere momentan net dozou verflicht fir bei engem neie Projet eng gewëss Unzuel u bezuelbare Wunnenge virzegesinn, sou den David Wagner vun déi Lénk. Dat misst nämlech an engem Bebauungsplang festgehale ginn a vill Gemengen hätte bis haut nach kee sou ee Plang. Dofir hätt hien näischt géint d'Regierungsmesuren, mee hie géif sech och net vill dovun erwaarden.

Et solle méi Wunnenge gebaut ginn, besonnesch där, déi ee sech och leeschte kann. Dat ass eppes, wat zënter Joren am Fong all d'Parteie sech wënschen. An dofir probéiert och déi aktuell Regierung deem Zil méi no ze kommen.

D'Regierung setzt op administrativ Vereinfachung

Enn d'lescht Woch hunn déi zoustänneg Ministere weider Detailer zu engem ganze Mesurëpak ginn, mat deem se de Wunnengsbau wëllen ukuerbelen. Dozou gehéiert, datt Prozeduren, un déi ee sech muss halen, wann een eppes baut, vereinfacht ginn. Mee d'Regierung wëllt och dofir suergen, datt méi bezuelbar Wunnenge gebaut ginn. Bei grousse Bauprojete mussen dofir an Zukunft méi abordabel Wunnengen ageplangt ginn, wéi dat haut de Fall ass.

D'Regierung huet de Freideg virgerechent, datt an den nächste Jore bal 10.000 zousätzlech bezuelbar Wunnenge sollen entstoen, doduerch datt d'Bauhären an Zukunft gezwonge ginn, méi där Wunnengen an hire Projeten ze integréieren.

Den Interview mam David Wagner

Lauschterenplay_arrow