An der Etüd hu Participantë missten e Präis fir eng Immobilie hei zu Lëtzebuerg festleeën. Déi fiktiv Immobilie waren entweder um Lampertsbierg, op der Gare, zu Esch oder zu Iechternach, erkläert d'Giorgia Menta. Co- Autrice vun der Etüd.
"Pour la même exacte maison - pour la même exacte propriété, les propriétaires avec un nom de famille qui suggère une origine de l’Afrique sub-saharienne reçoivent 3 % à 4 % moins en termes de prix. Donc, on parle d’une pénalité d'environ 20.000 euros, qui est assez élevée."
Et gëtt sech op Stereotyppe baséiert
Proprietären an der Etüd hu “Mutombo”, Schmitt, Da Silva oder Clement geheescht. Just d’Immobilie vum fiktive Proprietäre “Mutombo” si mat enger méi déiwer Valeur bewäert ginn. Haaptsächlech vu Participanten iwwer 40 Joer. De Grond, firwat dësem Numm méi negativ konnotéiert ass, erkläert Giorgia Menta esou.
"Si je ne connais pas la personne qui est en train de vendre la maison que je voudrais acheter, par exemple, je vais attribuer à cette personne les caractéristiques du groupe auquel cette personne appartient. Le problème dans ce cas-là, c'est que souvent on attribue les informations de ce groupe d’appartenance sur base de stéréotypes qu’on forme sur ce groupe-là."
Beim portugiseschen Numm Da Silva hu Participantë keen Ënnerscheed am Präis gemaach. D‘Fuerscherin erkläert sech dat doduerch, datt portugisesch Matbierger haut 14,5 Prozent vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung ausmaachen a gutt integréiert sinn.

Tendenzen, déi an anere Länner nach méi staark sinn
Doriwwer eraus wiere Persounen aus net-europäesche Länner d’office mat méi Prejugéë konfrontéiert, heescht et an der Etüd. Lëtzebuerg gëllt als ee Land an deem d’Immigratioun an och d’Integratioun gelonge sinn, esou d'Giorgia Menta.
"Donc, on ne s’attendait pas forcément à trouver un effet de discrimination pour les marchés du logement au Luxembourg."
Tendenzen, déi an der Etüd nogewise goufen, riskéieren, an anere Länner, an deene manner Ethnien zesumme liewen, nach méi staark auszefalen, esou d’Conclusioun vun der Etüd.