Radioen

On air

Tockcity  |  Skunk Anansie - An Artist Is An Artist

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Belsche Premier presentéiert seng Pläng virum Parlament

Regierungsdeklaratioun

Neie Belsche Premier presentéiert seng Pläng virum Parlament

An dëse Minutten hält den neie belsche Premierminister Bart de Wever seng Regierungsdeklaratioun. Am Kader vun enger gréisserer Steierreform huet hie Steiererliichterunge fir Leit mat geréngem Akommes ugekënnegt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Marten Ronneburg
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Marten Ronneburg)

Ausserdeem wéilt déi nei belsch Regierung vill méi an déi national Sécherheet an an d‘Defense, sou wéi och an d‘Energietransitioun investéieren. Weider huet den neie belsche Premier eng méi streng Migratiounspolitik ugekënnegt. 

Kuerz viru senger Ried huet d‘Oppositioun gefuerdert, d‘Regierungsdeklaratioun ze verréckelen, bis datt et Kloerheet a Saache Staatsbudget gëtt. 

Et gëtt sech erwaart, dass d‘Debatt bis an d‘Nuecht era wäert goen an och hëtzeg kéint ginn.

Et ass fir d‘éischte Kéier, datt déi flammännesch Rietsnationaliste vum N-VA eng federal Regierung leeden.