An deem Urteel hunn d‘Riichter:innen de Moien d‘Wichtegkeet vun de Sproochekenntnisser fir d‘Integratioun betount. Bei dëse Course mussen awer perséinlech Ëmstänn, wéi den Alter, den Educatiounsniveau an déi finanziell Situatioun a Betruecht gezu ginn. Eng Geldstrof dierft nëmmen ënner aussergewéinlechen Ëmstänn verhaange ginn, heescht et nach am Urteel.
Hannergrond ass ee Rechtssträit an Holland. Do misst ee jonke Mann aus Eritrea un enger Integratiounsprüfung deelhuelen, déi hien dann net bestanen huet, wouropshin hien eng Geldstrof krut. De Mann hat dogéint geklot.