Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Verdeedegung: Grouss Ambitiounen ouni klore Businessplang

INFORMELLEN EU-SOMMET IWWER DEFENSE

EU-Verdeedegung: Grouss Ambitiounen ouni klore Businessplang

D'Europäesch Unioun wëllt am Beräich vun der Defense méi enk zesummeschaffen. Am Mëttelpunkt vun enger informeller Reunioun vun den EU-Staats- a Regierungscheffe steet d'Fro, wéi eng méi ambitionéiert EU-Verdeedegungspolitik soll finanzéiert ginn. Do ginn d'Meenunge bis elo auserneen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© picture alliance / Zoonar | DesignIt play_arrow
(Foto: picture alliance / Zoonar | DesignIt)

Et wier urgent sech zesummenzeschléissen, dat hat de Conseilspresident Antonio Costa virun zwou Wochen am Europaparlament gesot.

"Et ass an eisem Interêt, méi am Beräich vun der Defense ze maachen. D’EU muss méi resilient, méi effikass, méi autonom a méi zouverlässeg ginn, wann et ëm d’Defense geet."

Éischten EU-Sommet, op deem exklusiv iwwer Defense geschwat gëtt

Fir doriwwer ze diskutéieren, huet de Portugis haut d'Europäesch Leaderen op een informelle Sommet, eng "Retraite" an de Palais d'Egmont zu Bréissel invitéiert. Et ass déi éischt EU-Reunioun op deem Niveau, déi sech exklusiv op d'Defense konzentréiert. Mat derbäi sinn zäitweis och den NATO-Generalsekretär Marc Rutte genee wéi de brittesche Premier Keir Starmer.

D'Reunioun sollt fir d’éischt am Château de Limont bei Léck sinn, gouf dunn awer aus "Sécherheetsgrënn" nees an déi belsch Haaptstad verluecht, wou jo normalerweis déi Sommete sinn. 

Et ass och déi éischt Reunioun, zanter datt den Donald Trump d'Rudder am Wäissen Haus iwwerholl huet. Déi transatlantesch Relatioune wäerte sécher ee vun de Sujete sinn, deen an de Gespréicher haut dominéiert. 

Zentral Fro: Wéi sollen zousätzlech Efforte finanzéiert ginn?

Den Antonio Costa wëllt de Sommet notzen, fir d'Unitéit vun der EU an dësem Beräich ze stäerken. Dat ass net einfach, well d'EU-Länner éischtens op hir Souveränitéit pochen a sech zweetens och net onbedéngt iwwer déi nächst Schrëtt eens sinn.

Zum Beispill doriwwer, ob een, wéi Frankräich dat fuerdert, soll drop kucken, datt esou vill wéi méiglech Waffen, déi akaf ginn, an Europa produzéiert ginn.

De Besoin méi Suen an d'Defense ze stieche gëtt wuel allgemeng unerkannt. Déi zentral Fro ass awer déi, wou déi Suen hierkomme sollen. Eng Partie Länner sinn dofir, datt d'Europäesch Unioun gemeinsam Scholde mécht, fir dee Plus u Waffen, dee gebraucht gëtt ze bezuelen. Anerer sinn do kategoresch dogéint. Och de Lëtzebuerger Premier huet bis elo betount, et sollt ee fir d’éischt emol déi EU-Dëppen unzapen déi bestinn, éier een no neie Finanzéierungsméiglechkeete sicht. 

Europäesch Investitiounsbank mat neiem Mandat?

En Donneschdeg hu sech 19 EU-Staaten, dorënner Lëtzebuerg, dofir ausgeschwat, datt den Ausbau vun der Rüstung soll vun der Europäescher Investitiounsbank finanzéiert ginn. D'Bank mat Sëtz zu Lëtzebuerg hat schonn zejoert däitlech méi Projeten am Beräich vun der Defense ënnerstëtzt. De Budget an deem Beräich gouf op eng Milliard eropgesat, dat ass duebel esou vill wéi nach ee Joer virdrun. Allerdéngs ass dat op déi ganz EU gesinn nach ëmmer net ganz vill.

"D'EIB ass eng Klimabank" - dat hat hir Presidentin Nadia Calvinho déi lescht Woch gesot. Et wier och an Zukunft geplangt de Gros vun de Suen a Projeten am Zesummenhank mam Klimaschutz ze stiechen. Allerdéngs sinn d'Memberlänner d’Aktionäre vun der Bank - si hunn d’Méiglechkeet, aner Schwéierpunkten ze setzen, wa si dat wëllen."

Um Sommet e Méindeg ass net mat Conclusiounen ze rechnen. Et sollen awer d'Leitlinne fir zukünfteg Decisioune preparéiert ginn, esou e Freideg een EU-Diplomat. 

Lauschterenplay_arrow