Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
search

/ Wolodymyr Selenskyj ass muer an iwwermuer a Frankräich

Paräis

Wolodymyr Selenskyj ass muer an iwwermuer a Frankräich

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj kënnt muer an iwwermuer op offizielle Besuch a Frankräich. Hie soll muer vum franséische President Emmanuel Macron zu Paräis empfaange ginn. Dat huet den Elysée matgedeelt.

auto_stories

1 min

Wolodymyr Selenskyj Emmanuel Macron | © picture alliance / ROPI | POU
Wolodymyr Selenskyj Emmanuel Macron (Foto: picture alliance / ROPI | POU)

Béid Staatscheffe géife weider iwwer der Ukrain hir militäresch Besoine schwätzen, fir sech géint déi russesch Invasioun ze wieren, heescht et.

Muer reest den ukrainesche President an d'Normandie fir déi international Zeremonie um 80. Anniversaire vum Debarquement vun den Alliéierten am Zweete Weltkrich.