arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wiessel un der Spëtzt vun der Inspection générale de la sécurité sociale

National

|
headphones

1 min

Wiessel un der Spëtzt vun der Inspection générale de la sécurité sociale

Bei der IGSS – der Inspection générale de la sécurité sociale - gëtt et eng nei Spëtzt: D'Vanessa di Bartolomeo ass als Direktesch faisant fonction genannt ginn. Dat elo emol fir d‘Period vum 16. Februar bis de 14. September dëst Joer. Dat gouf am Journal officiel publizéiert.

headphones

1 min

Si mécht den Interim, well de Posten nei ausgeschriwwe muss ginn. Den IGSS-Direkter vu bis elo, den Tom Dominique, kritt no 11 Joer un der Spëtzt vun dëser Administratioun en neie Poste vum 15. September un. Hie gëtt Commissaire du Gouvernement aux hôpitaux.

Aktuell huet de Jean-Paul Freichel dee Posten. Dee geet awer an d‘Pensioun.