Op Visitt an der Noutruffzentral 112 war de Moien den CSV-Inneminister Léon Gloden.
Zwou Stonne laang war de Minister op der Moiesschicht an der Noutruffzentral zu Gaasperech mat dobäi. De Léon Gloden huet do een Abléck an d’Aarbecht vun deene Leit kritt, déi an der Noutruffzentral schaffen. Hie beschreiwt wat en do matkrut.
"Et waren och Appellen, déi era komm sinn, an déi einfach gesot hunn, schéckt mir d’Ambulanz. A wou den Operateur da muss d’Persoun berouege fir eben d’Informatiounen ze kréien."
Am Duerschnëtt 5 Sekonne bis ee beim 112 ophiewt
Fir d’Uriff 24 Stonnen op 24 entgéint ze huelen, schaffen d’Equippe vun all Kéier siwe Leit op Schichte vun 12 Stonnen, esou de Chef de Service Jérôme Gloden.
"Dat heescht fënnef Operateuren, da si souwuel Dispatcher wéi Regulateuren. Ee Chef de Salle an een Officier Santé."
Wann een op den 112 urifft, da misst een de Moment an der Moyenne fënnef Sekonne laang waarden. Bis d’Hëllef op de Wee geschéckt gëtt, géif et am Duerchschnëtt zwou an eng hallef Minutte laang daueren. Mat deenen Zäiten ass de Léon Gloden zefridden, och wann ee sech ëmmer verbessere kéint, wéi hien umierkt.
KI an der Noutruffzentral eng Optioun?
Zu de Verbesserungen, déi schonn an der Noutruffzentral getest ginn, gehéiert déi Kënschtlech Intelligenz, huet de Jan Niebelschütz vum CGDIS erkläert.
"Zum Beispill bei der Iwwersetzung vun de Gespréicher. Wann den Operateur eng aner Sprooch schwätzt, wéi den Noutruffsichenden, da kann d’KI do ënnerstëtzen."
Op der Noutruffnummer kéime vill Uriff eran, déi net fir den 112 sinn, huet et de Moie geheescht. Leider géifen et och ëmmer méi Uriff ginn, vu Leit, déi net an den Urgencë vun de Klinicke wéilte waarden, an déi aggressiv ginn, hunn déi Responsabel bedauert.