arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Qualitéitserfaassung vun de Soinen: Diskussiounen tëschent LSAP an CSV

Chamber

|
headphones

2 min

Qualitéitserfaassung vun de Soinen: Diskussiounen tëschent LSAP an CSV

Steet déi aktuell CSV-DP-Regierung hanner dem nationale Santésplang vun der viregter Regierung? Dat war um Donneschdegmëtteg d'Fro vun der LSAP-Deputéiert a viregter Gesondheetsministesch Paulette Lenert an enger Aktualitéitsstonn an der Chamber.

headphones

2 min

Chamber | © Chambre des Députés / flickr
Chamber (Foto: Chambre des Députés / flickr)

Eng Fro, déi bei der neier Presidentin vun der Chamberkommissioun Santé, der Françoise Kemp (CSV), net esou gutt ukoum. 

D’Diskussioun koum op, well d’CSV-DP-Majoritéit virun dräi Wochen eng entspriechend Motioun vun der LSAP zu der Qualitéitserfaassung vun de Soinen, zum Beispill mat engem nationale Regëster, net gestëmmt hat.

LSAP-Rotschléi net ganz wëllkomm 

D’CSV-Deputéiert Françoise Kemp huet sech éischter manner oppe gewise fir Rotschléi vun der LSAP ze kréien.

"Wann eng LSAP, déi iwwer Joerzéngten d'Gesondheetspolitik matgepräägt huet, eis elo Rotschléi wëllt ginn, wéi mir dësen Duercherneen nees an d'Rei kréien, da gesi mir dat éischter kritesch."

Doropshi gouf et virun allem vum fréiere Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo vill Kritik.

Gesondheetsministesch kuckt no vir 

Déi aktuell CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez huet sech optimistesch gewisen a gesot si géif hanner dem nationale Santésplang stoen.

"De Plang gëtt, laut sengem Sommaire, eng Visioun. Mee Pabeier ass gedëlleg."

Fir si wier dat awer keng Visioun, mee eng Richtung an déi ee misst schaffen, esou d'Gesondheetsministesch. 

"Um Wee dohinner musse mir awer jidderee mathuelen a konkreet Projeten definéieren, all Acteur do implizéieren, wou seng Plaz ass, am Interêt vum Patient a vum Assuré a vun all deenen, déi hei zu Lëtzebuerg musse kënnen drop zielen, datt eise Gesondheetssystem gutt opgestallt ass." 

D’Martine Deprez huet iwwerdeems kloer betount, datt et hir éischt Prioritéit wier e Centre d’excellence médical opzestellen, an deem sämtlech Donnéeë kënne gesammelt ginn. Fir dann esou d’Qualitéit vun de Soinen an der Behandlung besser kënnen ze erfaassen, esou nach d’Gesondheetsministesch.