Et geet do ëm Leit, déi Liicht-empfindlech sinn oder déi kee Kaméidi verdroen. D’Konzept gëtt et schonn an de Supermarchéen, wou et zu verschiddenen Zäite méi roueg ofleeft, an op d’Luucht opgepasst gëtt.
Keng Ëmbau-Aarbechten néideg
Zesumme mat der Horesca an dem Familljeministère gouf Enn d’lescht Joer een neie Projet lancéiert, fir d’Heures silencieuses och a Restauranten unzebidden. Ee vun deene Restauranten, déi do matmaachen, ass de Restaurant Beim Bertchen zu Wuelessen.
Ee vun de Proprietären ass de Generalsekretär vun der Horesca, de Steve Martinelli. Hie wollt mam Beispill virgoen an och a sengem Etablissement d’Inclusioun erméigleche fir Leit, déi aner spezifesch Besoinen hunn.
Säi Restaurant ass een Traditiouns-Restaurant, deen elo a sechster Generatioun besteet. D’Gebai ass Denkmal geschützt an dierf also net ëmgebaut ginn.
Fir Mënschen, déi den Trubbel net verdroen
Schonn zënter Laangem ass dee Restaurant awer fir Rollstill zougänglech, dat trotz den Trapen. Eng mobil Ramp gëtt deen Ament agesat. De Projet Heures silencieuses, adresséiert sech prioritär u Clienten, déi e speziellt Ëmfeld brauche fir sech wuel ze spieren, erkläert de Marc Baro, deen de Restaurant zu Wuelessen leet.
"Et ass awer grad esou gutt, fir eis unzepasse fir Leit, mat den Heures silencieuses, déi en Handicap oder einfach de Besoin hunn, fir Rou ze hunn, déi einfach den Trubbel net verdroen. Ech mengen, dat ka vun Autismus goe bis Leit, déi einfach dat vu sech aus net wëllen, déi einfach ze vill, wou an eiser Gesellschaft ze vill Trubbel ronderëm ass, ze vill Kaméidi iwwerall, ze vill Hektik, wou si einfach wëllen a Rou eppes kënne genéissen."
De Restaurant ass an zwee gedeelt. An engem vun de Säll ginn et eenzel Dëscher, déi duerch eng Wand ofgetrennt sinn, doduerch ass een als Gaascht ofgeschiermt an d’Luuchte kënnen eenzel gedimmt ginn. betount de Marc Baro.
Ee fixen Dag
A Restauranten hätte jo och vill Leit Musek gären. Si hätten awer d'Méiglechkeet, d'Musek an engem Raum ganz auszeschalten.
"Wou déi aner Clienten an deem anere Raum vläicht liicht, e bësschen duuss Musek héiere wëllen. Mir kënne Luuchten dimmen, verschidde Luuchten eenzel schalten, soudatt mir wierklech do kënnen de Besoin vun deem Eenzele bëssen upassen an deem Fall."
Zu Wuelessen am Restaurant beim Bertchen ginn d’Heures silencieuses am Prinzip méindes proposéiert op engem fixen Dag also. Wann awer Leit een aneren Dag wëllen an de Restaurant goen, géif ee sech deene Wënsch upassen, preziséiert de Marc Baro.
"Méindes ass en Dag, wou et an der Woch, wou et vläicht allgemeng an dem Restaurant manner Trubbel ass wéi de Weekend, mee mir kucken natierlech, wann ee gären en aneren Dag kënnt, ass kee Problem, mir maachen eis Bescht, fir dat natierlech och aner Deeg kënne méiglech ze maachen."
Weder gréisser Käschten nach ze komplizéiert
De Marco Baro erkläert, datt et net ze vill komplizéiert ass, d’Konzept vun den Heures silencieuses ëmzesetzen. Fir hire Restaurant beim Bertchen wier et och net mat gréissere Käschte verbonne gewiescht.
"Ech menge virun allem, wann d'Gegeebenheeten do sinn a bei eis sinn, wat Technik do ubelaangt, waren d'Gegeebenheeten do a mir hunn net misste vill Ännerunge maachen, soudatt déi Formatioun och dorop aus ass, fir déi eenzel Punkten do ze ernimmen."
Et wier eng kuerz Formatioun, déi awer géif Sënn maachen, esou de Marc Baro.
"Datt een awer e bësschen sech méi Gedanke selwer mat doriwwer mécht an da kuckt, wat een do kann nach weider adaptéieren, fir et de Cliente wierklech esou agreabel wéi méiglech ze maachen."
Fir all interesséierte Restaurateur bidden d’Horesca an Infohandicap och d’Méiglechkeet vun enger kuerzer Formatioun un, wéi een d’Konzept kann ëmsetzen.