Rezent huet en oppene Bréif vum Dr. Philippe Wilmes fir Opreegung gesuergt. E Bréif, deen direkt un de Premier Luc Frieden adresséiert war.
D'Gesondheetsministesch Martine Deprez huet am 100,7-Interview erkläert, datt si dee Bréif direkt zesumme mam Premier duerchgaange wier. Si huet och nach emol betount, datt de Luc Frieden voll hanner hir stéing.
Parteikaarten "spille keng Roll"
D’Martine Deprez ass iwwerdeems awer och frou, datt si an der Kommissiounssëtzung an der Chamber vum Méindeg d’Prozeduren am Fall Wilmes beliichte konnt, wéi si am 100,7-Interview erkläert. Ob si elo erliichtert wier, kéint si net soen. Dat wier an där hei Affär “e grousst Wuert.”
Angscht, datt d’Oppositioun dës Affär politesch ausschluechte kéint, hätt si iwwerdeems keng gehat. Hirer Meenung no wieren an deen Dossier keng Parteikaarten am Spill.
“Et geet ëm d’Sécherheet vum Patient, an déi muss gestäerkt ginn.”
Schliisslech huet och de Mars di Bartolomeo am Numm vun der LSAP gesot, datt keng grouss Feeler vu Ministesch-Säit gemaach gi wieren.
Erklärungen zum Oflaf
Gespaant waarde vill Leit op d’Erklärung, firwat tëschent dem éischte Bréif vum Collège médical de 16. Dezember, an der Suspensioun den 22. Januar, ganzer 37 Deeg louchen.
Am 100,7-Interview huet d’Martine Deprez nach emol erkläert, datt am éischte Bréif vum Collège médical vun zwee Fäll rieds war, mam Zousaz, datt nach weider Fäll nokéimen.
Den zweete Bréif mat deene Fäll wier dunn de 14. Januar komm. Vun deem Dag un hätt de concernéierten Dokter Wilmes dunn 8 Deeg Zäit gehat, seng Remarken dozou eranzeginn. Nom Oflaf vun deem Delai, den 22. Januar also, wier et zur partieller Suspensioun komm.
Vu wéini un ass et "péril en la demeure"?
Der Ministesch no wieren déi zwee éischt Fäll eleng net duergaang, fir “en bonne et due forme” eng Entscheedung ze huelen. Si huet awer och net näischt op déi zwee éischt Fäll ginn, well si an engem Courrier den Philippe Wilmes direkt ëm eng Stellungnam gefrot huet.
Wéi de 14. Januar du wieder 15 Fäll u si erubruecht gi sinn, wier kloer gewiescht: “Mir hu missten am Interêt vum Patient esou séier wéi méiglech eng Decisioun huelen.”
Déi zwee Fäll wieren awer schonn duergaang, fir vu “péril en la demeure” ze schwätzen.
Spidol net eleng mat hirer Decisioun stoe loossen
Um Méindeg, no der Kommissiounssëtzung huet de Piraten-Deputéierte Sven Clement drop higewisen, datt d’Martine Deprez den Dokter Wilmes eigentlech net méi hätt misse suspendéieren, well säi Patron dat scho gemaach hat.
D’Gesondheetsministesch seet awer dozou:
“Ech verstoppe mech net hanner enger Decisioun vun engem Spidol. Stellt Iech vir, ech hätt keng Decisioun geholl, an ech hätt d’Spidol eleng stoe gelooss mat senger Decisioun, dann hätt ech awer gären héieren, wat de Sven Clement gesot hätt.”
"Erféiert" vum Numm Wilmes
Wou si den Numm “Wilmes” am Ufank gelies hat, wier si erféiert gewiescht. Schliisslech handelt et sech ëm de Brudder vum Parteikolleeg Serge Wilmes. Mee hir zweet Reaktioun wier gewiescht: “Wat géif ech maachen, wann et en aneren Numm wier? Mir hätten dat selwecht gemaach.”
Bis Abrëll sollen elo dräi Experten den Dossier analyséieren. De Ministère hätt schonn eng méi enk Auswiel vun Experten zesummegestallt. Alleguer aus dem Ausland. Ob dem Dokter Wilmes säin Expert och aus dem Ausland kéim, géing sech weisen, esou d’Martine Deprez.
Béid Experte musse sech dann nach op en drëtten Expert eenegen.
Vertrauen an de Conseil de discipline vum Collège médical
Iergendwann muss och d’Geriicht an dëser Affär tranchéieren. Ëmsou méi, wann ee bedenkt, datt d’Patientevertriedung scho warnt, datt nach Fäll dobäi kéinte kommen.
Wann ee sech awer d’Delaie vun der Justiz ukuckt, da kann ee sech beim beschte Wëllen net virstellen, datt dat an den nächsten 2 Joer geschitt. No 2 Joer leeft allerdéngs d’Suspensioun vum Dokter Wilmes of.
D’Gesondheetsministesch erënnert an deem Kontext awer drun, datt och de Collège médical e Conseil de discipline huet. Si hätt och “vollst Vertrauen” an dee Gremium, an datt si hir Verantwortung iwwerhuelen.
D’Martine Deprze fënnt et och normal, datt esou eng Suspendéierung vum Minister ausgeschwat gëtt, schliisslech wier et och si, déi d’Autorisatioun fir ze exercéieren ausstellt.
Et géing een den Dossier awer “zäitno op de Leescht huelen” fir mam Collège médical zesummen ze kucken, ob dës Kompetenz beim Minister bleift oder net.
Brisanz vum Fall: Dr. Wilmes selwer schold?
Duerch dës Roll vun der Ministesch huet den Dossier natierlech u Brisanz gewonnen. Well och wann et just ëm een Eenzelfall geet, esou dominéiert den Dossier zënter Wochen déi national Aktualitéit.
Vun 2002 u wier et zu 26 provisoresche Suspensioune komm, betount d’Martine Deprez. Si wéisst awer vu kenger, déi op “esou een Niveau” gehuewe ginn ass wéi d’Affär Wilmes.
D’Roll vum Dokter Wilmes an der Ausriichtung vun der Gesondheetspolitik géing keng Roll spillen, mengt si. Hirer Meenung no hätt de betraffene selwer säin Deel dozou bäigedroen. Net zu lescht och duerch en oppene Bréif un de Premier Luc Frieden.
Dee Bréif hätt si mam Premier genau duerchgeholl, esou nach d’Martine Deprez, déi nach emol betount huet, datt de Luc Frieden voll hanner hir stéing.