search

/ Wiessel un der Spëtzt vu lalux: François Pauly gëtt neie Verwaltungsrot-President

National

|
reading time

1 min

Wiessel un der Spëtzt vu lalux: François Pauly gëtt neie Verwaltungsrot-President

Am Assurancësecteur gëtt et e Wiessel un der Spëtzt vu der lalux. De Francois Pauly gëtt neie President vum Verwaltungsrot, hien iwwerhëlt d‘Successioun vum Pit Hentgen, deen no 24 Joer déi Platz opgëtt.

reading time

1 min

lalux Asssurance  | © lalux Asssurance Facebook
lalux Asssurance (Foto: lalux Asssurance Facebook )

Am Mäerz dës Joer war bekannt ginn, datt den 61-järege Lëtzebuerger neie Chef vum Opsiichtsrot vun der Vatikanbank IOR. gëtt. Dat hat d'Generalinstitut zu Roum bekannt ginn. De François Pauly soll den  28. Abrëll an enger Sëtzung vum Opsiichtsrot zu hirem Chef ernannt ginn. 

De François Pauly war am Mäerz 2019 President vu Saint-Paul ginn. Am Mee 2021 hat hien dëse Posten awer aus Zäitgrënn opginn. Een Dag viru senger Demissioun bei Saint-Paul war bekannt ginn, datt hie Generaldirekter vun der Schwäizer Bank Edmond de Rothschild gëtt.