arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 280 Mio. Defizit no 1. Trimester: Oppositioun mécht sech Gedanken ëm Staatsbudget

Finanzen

|
reading time

2 min

280 Mio. Defizit no 1. Trimester: Oppositioun mécht sech Gedanken ëm Staatsbudget

Den CSV-Finanzminister Gilles Roth huet de Moien an der parlamentarescher Chamberkommissioun déi budgetär Entwécklung an den éischten dräi Méint vum Joer presentéiert. Et misst een d’Situatioun genee am A behalen, seet de Gilles Roth. D’Oppositioun gesäit dat Ganzt kritesch.

reading time

2 min

Den CSV-Finanzminister Gilles Roth | © Chambre des Députés
Den CSV-Finanzminister Gilles Roth (Foto: Chambre des Députés)

341 Milliounen Euro huet den Zentralstaat am éischten Trimester ageholl, esou den CSV-Finanzminister Gilles Roth.

Virsiichtegen Optimismus beim Finanzminister

Hie wier virsiichteg optimistesch par Rapport zu deem, wat era kënnt. 

"Déi mat 4,5 Prozent sech relativ dynamesch entwéckelen, par Rapport zum éischten Trimester vum leschte Joer. Mir gesinn, datt d'Lounsteier gutt leeft, mir gesinn, datt d'Betribssteier gutt leeft, mir gesinn, datt d'TVA gutt leeft a mir gesinn, datt d'Accise sech op engem weider héijen Niveau beweegen."

Et hätt een awer och en Uwuesse vun den Ausgabe, esou de Gilles Roth. Déi sinn am Verglach zum éischten Trimester zejoert 8,6 Prozent geklomm.

Sam Tanson kritesch par Rapport zu der Betribssteier 

Et géifen awer och Verpflichtunge ginn, wéi beispillsweis d’Ausgaben an den Defensesecteur wéinst der NATO ze erhéijen, esou nach de Finanzminister. D’Sam Tanson vun déi gréng ass par contre iwwerhaapt net d’accord domat, datt d’Betribssteier, déi de Gilles Roth ervirgehuewen huet, gutt géif goen.

"Wann ee sech d'Zuelen ukuckt vun de Recetten, d'Betribssteier, déi geet erof par Rapport zum leschte Joer, wat och erëm deem widdersprécht, wat de Premierminister mer nach virun e puer Méint an der Chamber geäntwert huet, datt et ee positiven Effekt géif ginn."

Franz Fayot: D'Rechnung geet net op

De Franz Fayot vun der LSAP deet sech schwéier, deen aktuelle Budget positiv ze bewäerten, wéi de Gilles Roth dat géif maachen. Wann hien d’Zuele vum éischten Trimester géif héichrechnen, géif een op 1 Milliard Euro Defizit bis Enn des Joers kommen, esou de Franz Fayot. 

"Et ass schonn e bësse speziell ze gesinn, datt een elo hofft op eng positiv Dynamik an engem europäesche Kontext, deen natierlech ganz komplizéiert ass, obwuel mer wëssen, datt d'Finanzplaz Outperformer ass, par rapport zu der normaler Ekonomie, gesinn ech trotzdeem net, wéi déi Rechnung soll opgoen." 

Obwuel den CSV-Finanzminister Gilles Roth d’ëffentlech Finanzen aktuell als zolidd ugesäit, misst een awer am A behale wéi een Impakt de Krich am Noen Osten op d’Finanzen hätt.