arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Mëllechbauere schloen Alarm: D'Produktioun kascht méi wéi si erakréien

Luxembourg Dairy Board

|
reading time

1 min

Lëtzebuerger Mëllechbauere schloen Alarm: D'Produktioun kascht méi wéi si erakréien

Et géif méi kaschte fir Mëllech ze produzéieren, wéi dat wat si herno dofir kréien. Dat mellt de Luxembourg Dairy Board, déi d‘Interessi vun de Mëllechbauere vertrieden, mat Verweis op eng Etüd.

reading time

1 min

Mëllech | © Bigstock / Nikodim
Mëllech (Foto: Bigstock / Nikodim)

Et géif een Ongläichgewiicht ginn. Zënter Ufank des Jores an dem Ausbroch vum US-israeelesche Krich am Iran wieren d‘Präisser fir Mëllechproduiten – an domat och d‘Auszuelungspräisser fir de Bauer – däitlech gefall.

Fuerderung no engem "Mëllechdësch"

Well d‘Mëllechbaueren déi lescht Jore relativ gutt ausbezuelt goufen, wier méi Mëllech produzéiert ginn. Mam Resultat, datt et den Ament eng ze grouss Offer vu Mëllech a Mëllechproduiten um Marché géif ginn.

De Luxembourg Dairy Board fuerdert dofir, datt d‘Politik agräift. Net duerch beispillsweis staatlech Bäihëllefe pro Kou, mee éischter, datt d‘Bauere vum Staat eng Kompensatioun solle kréien, fir fräiwëlleg manner Mëllech ze produzéieren.

Donieft fuerdert d‘Interessevetriedung, datt ee sougenannte „Mëllechdësch“ soll aberuff ginn, fir d‘Mëllechproduktioun hei am Land fir d‘Zukunft ofzesécheren.