arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Elo wier de richtege Moment fir eng Tripartite, fënnt de Premier Luc Frieden

Aarbecht

|
reading time

2 min

Elo wier de richtege Moment fir eng Tripartite, fënnt de Premier Luc Frieden

Well d’Energiekris duerch d’Situatioun am Noen Osten wuel wäert Konsequenzen op Europa an op Lëtzebuerg hunn, huet d’Regierung decidéiert eng Tripartite anzeberuffen. Dat huet de Premier Luc Frieden an der Mëttesstonn nom Regierungsrot confirméiert.

reading time

2 min

Premier Luc Frieden | © Sophie Schroeder
Premier Luc Frieden (Foto: Sophie Schroeder)

Iwwer den nächste Mount wéilt een dofir den Terrain preparéieren, ier déi grouss Ronn dann Ufank Juni soll zesummekommen, esou de Premier nom Regierungsrot de Moien.

De Fokus bei dësen Diskussioune sollt dobäi kloer op der Entlaaschtung vun de Betriber an de Leit stoen, esou de Luc Frieden, deen och sot, datt hien sech net dozou gedréckt gefillt huet, dëst Kriseninstrument anzeberuffen. 

Richtege Moment wier elo komm 

Elo wier de richtege Moment fir eng Tripartite anzeberuffen, well d’Repercussioune vun der Energiekris mëttlerweil méi däitlech wéi nach virun e puer Wochen ze spiere wieren, esou de Premier.

Hie sot och, datt d’Tripartite eng Mesür wier, déi hie scho méi laang am Ae behalen hätt. Hien hätt déi Entscheedung net am “Hauruck-Verfahren” huele wëllen, mee réischt no enger Parti Virgespréicher mat de Sozialpartner.

"Och an der CSV ware ganz vill Stëmmen, déi gesot hunn, mir mengen, datt de Moment gutt wier, fir eng Tripartite ze maachen."

Iwwer déi lescht Wochen a Méint hu sech d’Gewerkschaften, d’Patronat, d’Oppositiounsparteien a souguer de Koalitiounspartner DP kloer fir eng Tripartite ausgeschwat. De Luc Frieden wa bis elo dogéint.

Finanzielle Spillraum nach net bekannt

Dëst wier kee Sënneswandel, hien hätt just de richtege Moment ofgewaart, huet et nach nom Regierungsrot geheescht.

"Et ass also e Prozess, et ass eng Iwwerleeung, et ass en Nolauschteren an dat ass déi Aart a Weis, wéi ech fannen, datt een e Land muss regéieren."

Konkret Piste fir den Impakt vun der Energiekris op d’Leit an op d’Betriber méiglechst kleng ze halen, huet de Luc Frieden nach net genannt, an och net, wéi grouss de finanzielle Spillraum vum Staat dofir kéint sinn.

Op d’Fro, ob nieft de Repercussioune vun der Situatioun am Noen Osten och aner Sujete bei dëser Tripartite op den Dësch komme kéinten, wéi zum Beispill de Mindestloun wéi d’Gewerkschaften et fuerderen, huet de Luc Frieden sech just widderholl. 

"Et geet eis drëm ze kucken, datt mer d'Kafkraaft vun de Leit stäerken, nieft deene Moossnamen, déi mer scho geholl hunn, an datt d'Betriber déi Energie brauchen, datt déi net an d'Struewele kommen an Aarbechtsplaze verléieren." 

Eng weider Annonce nom Regierungsrot wat nach datt de Gesetzesprojet fir eng Hausse vum Kannergeld ugeholl gouf. Fir Kanner bis 12 Joer gëtt et vum nächste Joer u 45 Euro méi, fir déi iwwer 12 Joer 60 Euro méi.