arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Privatwënzer bedaueren ouni Ännerunge vum Gesetz fir Saisonaarbechter gestart ze hunn

Drauwelies

|
reading time

2 min

Privatwënzer bedaueren ouni Ännerunge vum Gesetz fir Saisonaarbechter gestart ze hunn

D’Privatwënzer bedaueren, datt d’Gesetz, dat d’Saisonsaarbecht vereinfache sollt, net virun der Lies, déi elo ugefaang huet, konnt a Kraaft trieden. Dat seet de Jeff Konsbrück, President vun de Privatwënzer.

reading time

2 min

Wënzer | © picture alliance / Winfried Rothermel | Winfried Rothermel
Wënzer (Foto: picture alliance / Winfried Rothermel | Winfried Rothermel)

Mat dësem neie Gesetz solle verschidden administrativ Beräicher vun der Saisonsaarbecht vereinfacht ginn, wat virun allem de Lëtzebuerger Wënzer géif hëllefen. Zum Beispill ass virgesinn, datt déi saisonal Aarbechter:innen net méi zu Lëtzebuerg bei den Aarbechtsdokter goe mussen.

"Poste à risque" 

Ier ee Saisonsaarbechter aus dem Ausland hei zu Lëtzebuerg bei der Lies kann agesat ginn, muss hien aktuell vum Aarbechtsdokter examinéiert ginn, well d’Aarbecht bei der Lies als "poste à risque" gezielt gëtt.

Dës Prozedur ass e bürokratescht Hindernis, seet de Jeff Konsbrück.

"An och déi Saach mam Dokter ufroe fir e Poste à risque, wou s de kee Rendez-vous kriss. Dat ass e bëssen emmerdant bei deem Ganzen." 

Am Gesetzesprojet ass virgesinn, datt d’Aarbechter:inne schonn an hirem Heemechtsland bei hirem Hausdokter e Formulaire ausfëlle kéinten an net hei déi ganz Prozedur duerchlafe missten.

Opwand bei de Paiziedelen

Bei de Paiziedele gëtt et aktuell och nach ze vill bürokratesch Aarbecht, seet de President vun de Privatwënzer, de Jeff Konsbrück. 

"Dat heescht, wa mir den 20. August ufänken an de 15., 16., 17. September fäerdeg sinn, da muss ech zweemol op d'Bank lafen, fir hinne Suen ze ginn, zweemol e Paiziedel auszeschreiwen, an dat ass eeben enorm opwenneg." 

Mam neie Gesetz soll et méiglech sinn, datt Aarbechter:innen, déi maximal ee Mount schaffen, mee dat iwwer zwee Méint verdeelt, just nach ee Paiziedel kréien.

Gesetz soll am Hierscht gestëmmt ginn

Vill Saisonsaarbechter:inne kommen haut aus Rumänien. Aus Polen kommen der ëmmer manner. De Grond ass, datt d’Paien a Polen an de leschte Jore staark geklomme sinn.

Fréier hätte polnesch Saisonsaarbechter:innen an engem Mount bei der Lies hei zu Lëtzebuerg esou vill verdéngt wéi a Polen bannent engem Joer, seet de Jeff Konsbrück. Dat hätt sech awer geännert. 

"Elo seet hien, mat sengem Salaire, deen hien hei huet, hie kritt méi wéi de Mindestloun ausbezuelt, seet hien, datt en dohanne géif zwee Méint dofir schaffe goen." 

Et wier doduerch fir vill Leit, net nëmmen aus Polen, manner interessant bis op Lëtzebuerg an d’Lies schaffen ze kommen.

Den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz huet a senger Äntwert op d’Question parlementaire vun der CSV-Deputéierter Octavie Modert matgedeelt, datt d’Regierung zouversiichtlech wier, datt de Gesetzesprojet am Hierscht nach gestëmmt wäert ginn.