D’Chamberfinanzkommissioun hat um Freideg Mëtteg een Austausch mam Procureur général d’État John Petry a mam CSSF-Generaldirekter Claude Marx.
Den Hannergrond dovu war eng Geriichtsdecisioun vu viru gutt engem Joer, déi bedeit, datt no enger administrativer Geldstrof vun der CSSF zum Beispill wéinst Geldwäsch, keng strofrechtlech Prozedur fir déi selwecht Faite kann ageleet ginn.
Keng Relevanz fir Caritas Affär
Dësen Arrêt vun der Chambre du Conseil vun der Cour d’Appell hätt dem Franz Fayott no net direkt eng Relevanz an der Affär vun der CSSF-Strof vu fënnef Milliounen Euro géint d’Spuerkeess no der Affär Caritas.
"Et ass en Arrêt de principe, dee fir d'éischte Kéier zréckbehalen huet, datt eng Sanktioun vun der der CSSF à coloration pénale, datt dat wéi eng Sanction pénale ass, a wou dann dee Moment de Principe non bis in idem spillt."
Deen Moment wier et dann eng penal Aktioun, also eng Instruktioun vum Parquet déi dee Moment net méi weidergeleet ka ginn, esou den LSAP-Deputéierten. Dat géif heeschen, datt dat eent dat anert ausschléisst.
"Bei der Affär vun der Spuerkeess war et jo esou, datt d'Spuerkeess sanktionéiert ginn ass wéinst Manktem zu verschiddene professionellen Obligatiounen, haaptsächlech eng Procédure, wat den Traçage vun den Operatiounen ugeet, déi net agehale gouf, trotz dem Fait, datt se scho gewarnt goufe virun e puer Joer. Ech gesi lo net hei direkt e Rapport zwëschent deenen zwee."
Wann et fir aner Faite wier, da kéint de Parquet awer no der CSSF-Strof nach géint d’Spuerkeess aktiv ginn, esou den LSAP-Deputéierte Franz Fayot.
Informatiounsfloss a béid Richtungen
Et wier diskutéiert ginn, datt et opportun wier, datt et een Informatiounsfloss a béid Richtunge soll ginn, esou d’Presidentin vun der Chamberfinanzkommissioun, d’CSV-Deputéiert Diane Adehm.
"Well de Moment ass et esou, datt d'CSSF, wa si Dossieren hunn a si stelle fest, datt e penale Volet iergendwou dran ass, da gi si dat weider un de Parquet."
Dann iwwer den Dossier beim Parquet, mee de Parquet kéint deen dann net automatesch un d'CSSF ginn, esou d'CSV-Deputéiert. Heefeg hätt d'CSSF awer och scho Recherchen a verschiddenen Dossiere gemaach.
Confidentialitéit ophiewen
De Parquet géif da jo och ufänken der Saach op de Grond ze goen. Wann éischter een Informatiounsaustausch do gewiescht wier, dann hätt een sech eventuell op där enger wéi op där anerer Säit mënschlech Ressource kënne, fir déi d'Dossieren ze geréieren.
"An duerfir, wat hir Demande u sech ass, dat ass datt déi Confidentialitéit un déi jiddweree vun den zwou Parteie gebonnen ass, datt déi a spezifesche Fäll kéint opgehuewe ginn."
An der Sitzung vun der Chamberfinanzkommissioun vu gëschter wier net iwwer konkret Fäll diskutéiert ginn. Dat heescht och net iwwer d’Strof vu fënnef Milliounen Euro vun CSSF géint d’Spuerkeess no der Affär Caritas, esou d’Diane Adehm. Et wier an der Sitzung dorëm gaangen, de Prinzip “no bis in idem” erkläert ze kréien. Eeben dee Prinzip datt et an där selwechter Saach net zweemol eng Strof ka ginn.