Gläichzäiteg kéint d'Bank hir eege finanziell Basis stäerken, esou d'Vertrieder vun der Spuerkeess virun der Press. De Produit bancaire bleift iwwerdeems stabel bei 1,23 Milliarden. Dpvu kënnt ee Groussdeel, nämlech 930 Milliounen Euro, aus den Zënsen op Prêten, deenen hir Unzuel d'lescht Joer ëm 10 Prozent eropgaangen ass.
D'Depensë vun der staatlecher Bank sinn awer 2025 och ëm ronn 13 Prozent eropgaangen. D'Grënn sinn, datt netto 50 nei Aarbechtsplaze geschaf goufen, an et huet missen an d'Infrastruktur an an de Schutz géint Syberkriminalitéit investéiert ginn.
Bis ewell keen neien Direkter fonnt
Annoncéiert gouf och, datt d'Spuerkeess zwou nei Agence wäert opmaachen. Eng gréisser um Kierchbierg an der Stad, an eng méi kleng zu Maarnech.
Iwwerdeems ass nach keen neien Direkter bei der Spuerkeess fonnt ginn. Dat wier ee laangwierege Prozess bei enger systeemescher Bank a géif bis no der Rentrée 2026 daueren. Et hätt ee vill intressant Kandidaturen erakritt.
D'Françoise Thoma hat am November ugekënnegt, datt si als Generaldirektesch bei der Spuerkeess ophält, well si ee Posten als strategesch Beroderin géif kréien. Si soll awer nach esou laang um Poste bleiwen, bis ee Successeur fonnt ass.
An der Suite vun der Caritas-Affär war den Drock op d'Bank héich, well Schwächten am Finanzmonitoring festgestallt gi waren. Déi Responsabel wollten awer kee Lien tëschent der Demissioun an der Affär maachen.