Radioen

On air

9 bis 1  |  Eddie Chacon - Empire Feat. John Carroll Kirby

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wiessel am Schëfflenger Gemengerot

vun déi Lénk bei d'LSAP

Wiessel am Schëfflenger Gemengerot

Am Schëfflenger Gemengerot änneren sech d‘Kräfteverhältnisser: Wéi d‘Tageblatt de Moie mellt wier de Schëfflenger Conseiller Admir Civovic vun déi Lénk aus der Partei ausgetrueden.

auto_stories

1 min

Hien nennt perséinlech Grënn dofir a well kéng weider Detailer ginn. Den Admir Civovic géif sech elo der LSAP uschléissen, esou d‘Tageblatt. Ausgetrueden aus der Partei déi Lénk wieren nieft him nach véier vu senge Kolleegen, dorënner Aldin Civovic an d‘Silvia Alves.