Radioen

On air

Notturno  |  Jaunt - Holding On To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nach keng Israeelesch Buedemoffensiv lancéiert

Noen Osten

Nach keng Israeelesch Buedemoffensiv lancéiert

Israel huet bis elo keng Buedemoffensiv an der Gazasträif lancéiert, d‘Wierder wier net optimal schreift d‘New York Times a berifft sech op dréi héichrangeg israeelesch Offizéier. Wolleke géifen et Piloten an Drone schwéier maachen, hiert d‘Ziel ze erreechen.

auto_stories

2 min

Israelesch Zaldoten | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich

D‘New York Times schreift weider, datt Israel mat der Offensiv e méintlaange bluddegen Häiserkampf blitt. Et geet een dovunner aus, dass zéngdausenden Hamas Kämpfer sech a Bunker an ënnerierdeschen Tunnellen ënnert Gazacity verschanzen. Bei der Israeelescher Offensiv kéinten si Tunnellen ënnert den Truppe sprengen.

Hëllefsorganisatioune fäerten humanitär Katastroph op Fluchtroute

Domat awer bleift de Palestinenser aus dem Norde vun der Gazasträif méi Zäit a Richtung Süden ze flüchten, wat se op Uerder vun der israeelescher Arméi solle maachen. Di israeelesch Arméi huet de Moie matgedeelt, datt d‘Palestinenser Zäit hu vun de Moien 9 Auer eiser Zäit, bis de Mëtteg 12 fir iwwert eng sécher Fluchtroute fort ze kommen.

Hëllefsorganisatioune fäerten do eng humanitär Katastrophe. Derbäi huet d‘Weltgesondheetsorganisatioun, d‘WHO drop higewisen, datt et guer net méiglech wier schwéier krank oder blesséiert Passagéier aus dem Norde vun der Gazasträif fort ze transportéieren. Esou en Transport wier hirt sécher Doudesurteel. D‘UNO huet och viru Waasserknappheet bei Palestinensesche Flüchtlinge gewarnt.

EU muss gemeinsam Positioun fannen

Israel reagéiert an engem Moss, dee wäit iwwert Selbstverdeedegung eraus geet, déi Kritik koum de Moie vum chineeseschen Ausseminister zu Peking. Déi israeelesch Regierung misst ophalen, d‘Awunner vu Gaza kollektiv ze bestrofen, esou Peking.

Déi europäesch Ausseminister hunn en Dënschdeg e Sommet per Videokonferenz. Et wier wichteg, datt d‘EU eng gemeinsam Positioun par Rapport zu dësem Konflikt huet, huet den EU-Conseilspresident Charles Michel matgedeelt.