Radioen

On air

Notturno  |  John Carroll Kirby - Dawn Of New Day Feat. Laraaji

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russesch Marinn well Militärbasis a georgescher Separatistegéigend installéieren

Russland - Georgien

Russesch Marinn well Militärbasis a georgescher Separatistegéigend installéieren

Déi russesch Marinn wëll eng Militärbasis an enger Separatistegéigend a Georgien installéieren. Dat huet de Chef vun der prorussescher Regioun Abchasien haut annoncéiert.

auto_stories

1 min

En deementspriechenden Accord wier ënnerschriwwen a géif an noer Zukunft ëmgesat ginn, sot hien am Interview mat der russescher Zeitung Izvestia. De Kremlspriecher Dmitri Peskov huet all Commentaire dozou refuséiert. Abchasien, un der Schwaarzmierküst, huet sech 1992 als onofhängeg vu Georgien deklaréiert. Dat hu bis haut awer just 7 Länner unerkannt, dorënner Russland, Syrien a Venezuela.