Radioen

On air

Notturno  |  Actarus - Aikido

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sich no neiem Chef blockéiert wichteg Verhandlungen

US-Representantenhaus

Sich no neiem Chef blockéiert wichteg Verhandlungen

Aktuell ass onkloer, a wei wäit d‘USA d‘Ukrain nach wäerten ënnerstëtzen. D'Sich no engem neie Chef am Representantenhaus blockéiert d‘Verhandlungen iwwert de Budget, déi misste gefouert ginn. Aktuell gëllt en Iwwergangsbudget an deem keng Sue méi fir di militäresch Ënnerstëtzung vun der Ukrain virgesi sinn.

auto_stories

1 min

Den däitsche Kanzler Olaf Scholz sot, datt hien awer dovunner ausgeet, datt d‘USA och weiderhi wäerten Hëllef leeschten. De President Joe Biden hätt him och verséchert, datt een sech an där Fro op d‘USA verloosse kéint.

Zu Washington awer sichen d‘Republikaner no engem Auswee aus dem Chaos, nodeems de Spriecher vum Representantenhaus, Kevin McCarthy an engem Vott ofgesat gouf. Éischt Kandidate fir seng Nofolleg hunn de Fanger ausgestreckt. Een dovunner ass den Deputéierten Jim Jordan en treie Supporter vum Donald Trump.

Och den aktuellen Nummer zwee aus dem Representantenhaus, de Steve Scalise ass interesséiert.