Radioen

On air

Spektrum  |  Horse Jumper Of Love - Wink

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russesch Rakéit huet an eng Epicerie an an e Bistro ageschloen

Krich an der Ukrain

Russesch Rakéit huet an eng Epicerie an an e Bistro ageschloen

51 Leit si gëschter an der Ukrain ëm d‘Liewe komm, wei eng russesch Rakéit an engem Duerf an der Géigend vun der Stat Kupjansk an eng Epicerie an an e Bistro ageschloen huet.

auto_stories

1 min

Den ukrainesche President Wolodymyr Selsenksyj huet de Russen de Virworf gemaach, geziilt Zivilisten ze viséieren. Der russescher Arméi misst kloer gewiescht sinn, wat si do géifen treffen.

Vu villen Säite gouf déi Attack verurteelt. Den UNO Generalsekretär Antonio Guterres huet de Russe schwéier Virwërf gemaach. Den europäeschen Aussenbeotrachten Joseph Borrell huet vun enger degueulasser Attack op onschëlleg Ziviliste geschwat. Premeditéiert Attacken op Ziviliste gëllen als Krichsverbriechen.