Radioen

On air

Notturno  |  The Bures Band - Birds Nest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wagnergrupp huet e Kontrakt mat chineesescher Firma fir Iwwerwaachungssatellitten

Wagnergrupp

Wagnergrupp huet e Kontrakt mat chineesescher Firma fir Iwwerwaachungssatellitten

De russesche Wagnergrupp huet e Kontrakt mat enger chineesescher Firma, fir de Kaf vun zwee Iwwerwaachungssatellitten an d‘Commande vuS atellittebiller. Dat entspriechend Dokument läit der franséischer Presseagence vir an ass op de 15. November zejoert datéiert.

auto_stories

1 min

Verschiddener vun deene Biller hätten dem fréiere Wagner-Chef Jewgeni Prigoschin och dozou gedéngt, fir seng Rebellioun géint Moskau am Summer virzebereeden. Am August war hien duerno bei engem Fligercrash ëm d‘Liewe komm. 

Dat Dokument dat elo virläit, werft elo d‘Fro op, wéi vill China vun de Pläng vu Wagner géint säin Alliéierte Russland wousst. Op Nofro vun der AFP huet de chineeseschen Ausseministère indiquéiert, net au courant vum Dossier ze sinn.