Radioen

On air

Notturno  |  Patsy Cline - Crazy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Journalistin zu iwwer aacht Joer Prisong verurteelt

Russland

Journalistin zu iwwer aacht Joer Prisong verurteelt

Déi russesch Journalistin  Owsjannikowa ass a Russland zu aacht anengem hallwe Joer Prisong verurteelt ginn. Si ass an Tëschenzäit an d‘Ausland geflücht. Ee Geriicht zu Moskau huet d‘Journalistin wéinst Verbreedung vu Fake News iwwer déi russesch Arméiverurteelt.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Annette Riedl

Déi russesch Journalistin huet si beim russesche Staatsfernsee geschafft a war bekannt gi wéinst hiren Aktiounen, kuerz nodeems Russland d‘Ukrain ugegraff hat. Si war matzen an enger Live-Sendung an d‘Bild gesprongen an hat e Protestplakat an d‘Kamera gehalen. Et ass net genee gewosst, wou déi haut 45 Joer al Marina Owsjannikowa ass.