Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Poem

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéini a géint wat soll ee sech impfe loossen?

Santé

Wéini a géint wat soll ee sech impfe loossen?

Déi däischter Joreszäit steet virun der Dier. All Joer ass et dat nämmlecht Spill: gëtt et dobausse kal an naass, ginn d’Mënsche méi séier krank. D’Nues leeft, den Hals kraazt an et stellt een sech erëm d'Fro, soll een oder soll een net, sech géint Gripp impfe loossen?

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Wichteg ze betounen: eng Nues déi leeft, Kappwéi an e klengen Houscht bedeiten net gläich richteg Gripp. De Schnapp muss een auskuréieren, géint d’Gripp kann een sech impfe loossen, ënnersträicht den Direkter vun der Santé, Jean-Claude Schmit.

“De Lëtzebuerger huet jo de Problem, en nennt alles Gripp, wat e Schnapp ass. An déi richteg Gripp ass ee spezielle Virus, deen eng, relativ schwéier Form vun Erkältung gëtt, soe mer mol sou, mat héijem Féiwer. D'Leit si wierklech net gutt, an de Vaccin, dee mer hu géint d' Gripp, fonctionéiert natierlech just géint dee Virus.”

COVID Impfunge sinn och an Apdikte méiglech

Fir déi Erwuesse ginn dräi Impfunge recommandéiert: d’Gripp, de COVID an d’Pneumokokken. Déi éischt Ulafstell fir jiddereen ass a bleift den Hausdokter. Dee kéint all Persoun am beschten individuell beroden, betount de Jean-Claude Schmit.

Eng Exceptioun gëtt et allerdéngs fir COVID, déi Impfung kéint een sech och an den Apdikte maache loossen an ass komplett gratis. Dat gouf wärend der Pandemie agefouert fir d’Hausdokteren ze entlaaschten a méiglechst séier vill Mënschen ze impfen. Fir dëst Joer gouf d’Impfung géint de COVID an der Apdikt nach bäibehalen.

Wéini ass de beschten Zäitpunkt?

Beim Hausdokter kann een d’ Impfung géint de COVID a géint d’Gripp den nämmlechten Dag maache loossen, et muss een awer déi zwee Äerm hin halen, et bleiwen nämlech zwou Piqûren. Lo stellt sech nëmmen nach d’Fro: wéini soll ech mech dann impfe loossen?

D’Santé recommandéiert, datt d’Leit sech am Oktober impfe loosse sollen.

“Net ze fréi, well d’Immunitéit notamment beim Grippenimpfstoff, net allze laang dauert an a mir oft awer dann nach Epidemien hunn, Enn dës Joers an Ufank d'nächst Joer. Dofir soll een sech net ze fréi impfe loossen, et soll en och net ze spéit goen am Oktober, Mëtt Oktober bis Enn Oktober ass eigentlech déi beschten Zäit.”

Eng Fro vu Solidaritéit

Virun allem déi vulnerabel Persoune kréie recommandéiert sech impfen ze loossen. Dat selwecht gelt och fir d’Personal am Gesondheetssecteur, déi hätten och eng Responsabilitéit géigeniwwer vun hire Patienten. Fir de Jean-Claude Schmit ass d’Impfung am Allgemengen awer och eng Fro vu Solidaritéit.

“Wat méi Leit geimpft sinn, wat de Virus manner zirkuléiere kann a wat manner e Reschtrisiko eigentlech bleift fir déi aner Leit, déi net geimpft sinn. Dat ass natierlech e bëssen e Problem, well da jiddweree seet jo, deen anere soll sech impfe loossen an da sinn ech geschützt, mee ech mengen, do huet jiddwereen eng moralesch Responsabilitéit, fir sech ze schützen, mee och fir déi aner Leit ze schützen.”

Fir de gesonde jonke Mënsch ouni Virerkrankungen, wier et also manner eng Recommandatioun mee éischter en Ustouss sech géint d’Gripp an de Covid impfen ze loossen. D’Recommandatiounen zu all den Impfunge kann een op sante.lu nokucken.

Lauschterenplay_arrow