Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weidere Fussballclub vum Gérard Lopez a finanzielle Probleemer

Boavista Porto

Weidere Fussballclub vum Gérard Lopez a finanzielle Probleemer

De Lëtzebuerger Geschäftsmann Gérard Lopez huet weider Problemer mat senge Participatiounen a Fussballveräiner.

auto_stories

1 min

Gerard Lopez | © picture alliance / NurPhoto | Thierry Thorel
Foto: picture alliance / NurPhoto | Thierry Thorel

Net just bei Girondins Bordeaux, wou hie President ass, mee och elo bei Boavista Porto, wou de Gérard Lopez 66 Prozent vun de Parte besëtzt, géif et finanziell Probleemer ginn, dat huet déi franséisch Sport-Zeitung "L’équipe“ gemellt, mat Verweis op lokal portugisesch Medien. Wéi et heescht, wier de Club héich verschëlt a kéint och d‘Bau-Enterprise, déi de Stadion zu Porto ëmbaut, net méi bezuelen. D‘Iwwerliewe vum Club stéing a Fro.