Radioen

On air

Notturno  |  Sam Wilkes - Hannah Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parcours vum Tour de Luxembourg gouf publizéiert

Vëlosport

Parcours vum Tour de Luxembourg gouf publizéiert

Mat engem fiktiven Depart um Knuedler wäert den 18. September de Startschoss fir de Skoda Tour de Luxembourg falen.

auto_stories

1 min

Den Organisateur huet haut de Parcours publizéiert. Um Knuedler war bis 2019 déi traditionell Arrivée vum Prolog. De richtegen Depart wäert awer dann op der Héicht vum Parc Hotel zu Dummeldeng stattfannen. Vun do aus geet et bis op Veianen, Buerschent an Eschduerf an nees zeréck an d’Stad op de Fëschmaart. Déi zweet Etapp féiert vu Jonglënster op Schëffleng, déi drëtt vu Rouspert op Dikrech, um 4. Dag ass en Zäitfueren zu Déifferdeng virgesinn an de leschten Dag, den 22. September, geet et vu Miersch op de Lampertsbierg fir d’Schlussarrivée virun der Victor Hugo Hal. Am Ganze gi 707 Kilometer gefuer. 114 Coureure wäerte beim Tour de Luxembourg un den Depart goen.