Radioen

On air

Notturno  |  Traumkapitän - Broken Crackery

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och d'Erëffnungsfeier fir d'Paralympesch Spiller versprécht spektakulär ze ginn

Paräis 2024

Och d'Erëffnungsfeier fir d'Paralympesch Spiller versprécht spektakulär ze ginn

Den Owend um  8 Auer fänkt zu Paräis d’Erëffnungszeremonie fir d’paralympesch Spiller un. 11 Deeg steet déi franséisch Haaptstad dann nees am Zeeche vum Sport. Och den Owend dierf een sech nees op eng spektakulär Show freeën.

auto_stories

2 min

© picture alliance / nordphoto GmbH | Straubmeier
Foto: picture alliance / nordphoto GmbH | Straubmeier

Gutt zwou Wochen no der Ofschlossfeier vun den Olympesche Spiller steet den Owend d’Erëffnungsfest vun de Paralympesche Spiller un.

4.400 Athleten an Athletinne wäerten um Defilé deelhuelen, deen op de Champs-Elysées tëschent dem Arc de Triomphe an der Place de la Concorde verleeft. Iwwer dräi Stonne wäert de Spektakel dauere fir deen eng 50.000 Spectateuren erwaart ginn. Eng 140 Dänzer:inne wäerten am Asaz sinn. Ënnert hinnen och 16 mat enger Behënnerung.

De Paradox vun der Zeremonie ervirhiewen

Fir den Directeur artistique Thomas Jolly, deen och scho fir déi opulent Erëffnungszeremonie vun der Olympiade responsabel war, geet et bei dësem Event dorëm ervirzehiewen, mat wéi ville Virurteeler Persoune mat engem Handicap nach ëmmer konfrontéiert ginn a wéi vill Hürden et am Alldag fir si ze meeschtere gëtt.

D’Show dréit den Numm Paradoxe, well et dem Jolly no paradox ass, dës Zeremonie an enger Stad auszedroen, déi net vollstänneg op Persoune mat enger Behënnerung adaptéiert ass, wéi hien de Moien op France Bleu erkläert huet.

Ëmdenke vun der Mentalitéit

Den Ënnertitel vun der Zeremonie ass “De la Discorde à la Concorde” mat Discorde mengt de Jolly awer kee Ressentiment oder Ierger, mee villméi en Ëmdenke bei der gesellschaftlecher Mentalitéit. Genee wéi bei der olympescher Optaktfeier versprécht den Thomas Jolly och fir den Owend e Spektakel mat sëllegen Iwwerraschungen.

Aktualitéit
Olympesch Spiller 2024
Sport