Radioen

On air

Notturno  |  Aaron Abernathy - I Want You Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dëschtennisfederatioun beréit d'nächst Woch iwwer Suite

No Olympia-Polemik vun der Sarah de Nutte

Dëschtennisfederatioun beréit d'nächst Woch iwwer Suite

Am Zesummenhank mat der Olympia-Polemik ronderëm d’Sarah de Nutte kënnt de Comité directeur vun der Dëschtennisfederatioun e Mëttwoch den Owend beieneen. Dëst Gremium beréit dann iwwert d’Suite an där Affär.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun

D’Sarah de Nutte hat sech jo no hirer Eliminatioun bei den Olympesche Spiller doriwwer beschwéiert, datt hiren Trainer si zu Paräis net konnt coachen. D’FLTT hätt den Donneschdeg den Owend vun der Sarah de Nutte 3 Datumer am September fir e Gespréich proposéiert kritt, sot den André Hartmann eis an der Mëttesstonn. De President vun der Dëschtennis-Federatioun huet bedauert, datt et net éischter zu där Aussprooch kënnt.