Radioen

On air

Notturno  |  Sheebaba - Chambre Rouge (Noah Vert Remix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sportjournalistin Christelle Diederich an hir Andréck vu Paräis 2024

Olympesch Spiller

D'Sportjournalistin Christelle Diederich an hir Andréck vu Paräis 2024

D’Olympesch Spiller vu Paräis wieren hirem Usproch, nohalteg a gréng Spiller ze sinn, net op der ganzer Linn gerecht ginn. Deen Androck hat d’Sportjournalistin Christelle Diederich, déi d’Spiller sur place fir d’Tageblatt couvréiert huet.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

Christelle Diederich | © Jo Diseviscourt play_arrow
D'Christelle Diederich war fir d'Tageblatt bei den Olympesche Spiller zu Paräis dobäi. (Foto: Jo Diseviscourt)

Wat d’Infrastrukturen ubelaangt wier kee Reproche ze maachen. Déi Installatiounen, déi nei gebaut goufen, géifen all erhal bleiwen.

"Dat si Stadien, déi schonn do stoungen, déi elo anescht benotzt ginn oder déi ëmgewandelt gi sinn, speziell fir d'Olympesch Spiller. Ech hunn och elo gesinn, datt se Brocanten organiséieren, fir d'Material ze verkafen, wat iwwereg bliwwen ass."

Op där anerer Säit wier dann awer Gedrénks aus Plastiksfläschen a Plastiksbecheren zerwéiert ginn.

"Wou een da muss schmunzelen, wa se aus Plastiksfläschen d’Gedrénks a Plastiksbechere geschott hunn. Do freet ee sech: Wou ass do de Sënn hannendrun?"

Positiv aus ekologescher Siicht wier dann awer, datt komplett op Pabeier verzicht ginn ass.

"Dat ass och eng ganz nei Erfarung gewiescht, well normalerweis, wann s de  ukënns, gëss awer mol direkt mat ganz vill Informatioun op Pabeier gefiddert. Hei war et sou, dass de néirens e Blat ausgedeelt krus. Du hues ëmmer gesot kritt: 'Kuckt an Är App, kuckt dat online. Du krus emol kee Block oder Bic ausgedeelt. Also et war wierklech absolut paperless."

Team Lëtzebuerg: De "Wow-Moment" huet gefeelt

Fir d’Christelle Diederich hätten d’Lëtzebuerger Athletinnen an Athleten zu Paräis mat - enger Ausnam - dat ofgeliwwert, wat ee vun hinnen erwaarde konnt. Dat Eenzegt, wat gefeelt huet, wier “e Wow-Moment”, sot si am 100,7-Interview. Also e Resultat, dat ervirgestach hätt, a mat deem net onbedéngt ze rechne gewiescht wier.

Allgemeng huet d’Christelle Diederich nëmme positiv Andréck vu Paräis mat Heem bruecht, wéi si als Invitée vum Dag verzielt huet. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Olympesch Spiller 2024
Sport