Radioen

On air

Notturno  |  Aaron Abernathy - I Want You Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christine Majerus: No den Olympesche Spiller kënnt den Tour de France

Cyclissem

Christine Majerus: No den Olympesche Spiller kënnt den Tour de France

Déi Lëtzebuerger Cyclistin Christine Majerus an hir Ekipp SD-Worx-Protime gi mat groussen Ambitiounen un de Start vum Tour de France vun de Fraen. Et géif een direkt op der éischter Etapp op eng Victoire am Sprint hoffen, esou d’Christine Majerus am 100,7-Interview. Den Tour de France vun de Frae geet e Méindeg zu Rotterdam un.

auto_stories

1 min

headphones

15 min

play_arrow
Foto: picture alliance / frontalvision | Arne Mill

De 15. August geet et vu Baaschtnech op Amnéville an domat ganz no u Lëtzebuerg laanscht. Bei den Olympesche Spiller wier d'Fraecourse wéinst der Kuliss an dem Publikum een eemolegt Erliefnis gewiescht, och wa leeschtungsméisseg méi dra gewiescht wier, esou d'Christine Majerus.

Trotz hirer Chute ass si stolz op hir Course bei den Olympesche Spiller. Si relativiséiert awer hir sportlech Leeschtung am Allgemengen. "Ech war ee Moment realistesch genuch ze wëssen, datt ech vläicht net dat Allerbescht sinn", seet d'Cyclistin am 100,7-Interview. Am beschte wier si an der Kapitänsroll an am Support, an do géif d'Christine Majerus hir Efforte ginn.

Déi siwefach Sportlerin vum Joer hält no dëser Saison mat hirer Karriär op - ee konkrete Plang fir duerno huet si nach net, si géif nom Tour de France eng Rei Gespréicher iwwer hir berufflech Zukunft féieren, sot si. Dem Sport géif si awer niewebäi erhale bleiwen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Olympesch Spiller 2024
Sport