Radioen

On air

Notturno  |  Aaron Abernathy - I Want You Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Optakt vun der Vuelta mat 2 Lëtzebuerger um Depart

Cyclissem

Optakt vun der Vuelta mat 2 Lëtzebuerger um Depart

De Mëtteg fänkt d‘Vuelta, den Tour duerch Spuenien, un. Déi éischt Etapp ass e Contre la montre an der Géigend vu Lissabon a Portugal. Un den Depart vun der Vuelta ginn och zwee Lëtzebuerger: de Kevin Geniets an de Michel Ries.

auto_stories

1 min

No 3.265 Kilometer ass d‘Schlussarrivée vun der Vuelta den 8. September zu Madrid. D‘Schlussetapp ass op en Neits een Zäitfueren.

Zu de Favoritten op d'Schlussvictoire vun dësem drëtten a leschte Grand Tour vum Joer zielen de Primož Roglič (Red Bull-Bora), de Joao Almeida an den Adam Yates (alle béid UAE Team Emirates) an de Virjoresgewënner Sepp Kuss (Visma LAB).