Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Katrin Kohl an Tom Habscheid vertriede Lëtzebuerg op de Paralympesche Spiller

Sport

Katrin Kohl an Tom Habscheid vertriede Lëtzebuerg op de Paralympesche Spiller

17 Deeg nom Enn vun den Olympesche Spiller zu Paräis fänke mat der Ouvertureszeremonie, den Owend an der franséischer Haaptstad, déi Paralympesch Spiller 2024 un. Si dauere bis den 8. September. Eng 4.400 Sportler:inne mat Behënnerung aus ronn 180 Länner streiden déi 11 Deeg ëm Medailen. D'selwecht wéi bei den Olympesche Spiller ass Lëtzebuerg och bei de Paralympesche Spiller vertrueden.

auto_stories

2 min

Foto: Paralympesche Comité Lëtzebuerg a picture alliance / ATP photo agency | AKAGI

An dat mat zwee Sportler:innen, déi an der Para-Liichtathleetik un den Depart ginn. Engersäits d'Katrin Kohl, déi an der Klass T54 vun den 100-Meter-Rollstull untrëtt, an anerersäits de "Comebacker" Tom Habscheid, dee sech an der Klass F63 vum Bommstousse mat de Konkurrente moosst. D'Katrin Kohl, dat vun enger Wild Card profitéiert huet, fir bei de Paralympics dobäi ze sinn, ass fir d'éischt beim gréissten Evenement fir handicapéiert Sportler:innen dobäi, iwwerdeems et fir den Tom Habscheid schonn déi 3. Participatioun bei Paralympics ass, no Rio de Janeiro 2016 an Tokio 2021. Hie wollt deemools ophalen, huet elo awer nei Motivatioun fonnt. Hien hätt awer "ferme misste kämpfe" fir erëm op den néidege Leeschtungsniveau ze kommen. "A leeschtungstechnesch stinn ech elo besser do wéi fir Tokio", esou de Sportler.

D'Lëtzebuerger Sportler:inne ginn de 4. an de 7. September un den Depart

Wat d'Behënnerung vun der Katrin Kohl ugeet, esou ass hir Klass eng vu Rollstull-Athleeten, déi hire Kierper voll benotze kënnen, mee eng duerchschnëttlech oder staark Defizienz vun der Beweegung oder awer keng Been hunn. D'Klass F63 vum Tom Habscheid betrëfft iwwerdeems Athleete mat enger moderéierter Limitatioun vun de Beweegunge vun engem Been, oder deenen d'Been iwwer dem Knéi feelt. Der Katrin Kohl hir Competitioun fänkt de 4. September un, an dem Tom Habscheid seng ass de 7. September.

Zu Paräis stinn 23 verschidde Sportaarten um Programm, déi vum Blannefussball bis bei de Volleyball am Sëtze ginn. Et ginn am Ganzen a 549 verschiddenen Epreuvë Medaile verdeelt.

De Parasport fuerdert méi Unerkennung

Fir de Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun Marc Kiefer ass et en Event, deen iwwer dat sportlecht erausgeet.

"Ja ich denke man wird sehen bei den Paralympischen Spielen, dass das mittlerweile absoluter Hochleistungssport ist und die Athleten die es dorthin schaffen, die haben einen weiten Weg hinter sich."

D'Parasportler:innen hätte vill Joren trainéiert, vill fir de Sport geaffert an och vill Käschte gehat fir d'Qualifikatioun ze packen. Dofir géif hien hoffen, datt dem Parasport elo déi néideg Unerkennung an dee Finanzement géifen zukommen, fir datt de Lëtzebuerger Parasport sech kéint entwéckelen, esou de Marc Kiefer.

Par rapport zu den Olympesche Spiller, bei deenen et jo quasi eng Paritéit tëschent Fraen a Männer gouf, si bei de Paralympesche Spiller mat ongeféier 58 Prozent méi Männer um Start, am Verglach mat ronn 42 Prozent Fraen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Sport