Radioen

On air

Notturno  |  Traumkapitän - Broken Crackery

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Parasport hofft op méi Unerkennung

Paralympesch Spiller

De Parasport hofft op méi Unerkennung

Den 28. August ass zu Paräis d’Ouvertures-Zeremonie vun de 17. Paralympesche Spiller. Lëtzebuerg wäert do mat 2 Athlete vertruede sinn: Mam Tom Habscheid am Bommstoussen, fir deen et schonn déi 3. Paralympics ginn, a mat der Katrin Kohl, déi am Sprint mam Rollstull iwwer 100 Meter un den Depart geet. Fir si ass et déi éischt Participatioun bei deem gréissten Event am Behënnertesport.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

play_arrow

Ugeféiert gëtt d’Lëtzebuerger Delegatioun vum Marc Kiefer, dem techneschen Direkter vum Lëtzebuerger Paralympesche Comité. Hien huet am 100,7-Interview d’Bedeitung vun deene Spiller fir de Parasport ervirgestrach.

"Man wird sehen bei den Paralympischen Spielen, dass das mittlerweile absoluter Hochleistungssport ist. Und die Athleten, die es dorthin schaffen, die haben einen weiten Weg hinter sich."

Dofir géif hien hoffen, datt sech d‘Perceptioun vun de Leit fir de Parasport ännert, an datt och Parasportler, déi personell a budgetär Unerkennung kréien, fir datt de Sport fir Leit mat Behënnerung sech kéint virunentwéckelen.

Den Tom Habscheid ass optimistesch

Déi zwee an en halleft Joer Paus hätten hie leeschtungs-méisseg net zeréckgehäit, seet den Tom Habscheid. Am Géigendeel: Virun de Paralympesche Spiller, déi an 8 Deeg zu Paräis ufänken, schätzt hie säin Niveau méi héich an wéi virun Tokio 2021.

De Kugelstousser, dee seng Karriär no de leschte Paralympics u sech ofgeschloss hat, am Fréijoer dunn awer nees mam Leeschtungssport ugefaangen huet, fiert also voller Optimismus op Paräis.

"Op alle Fall ginn ech dohinner, fir mega vill Spaass ze hunn, fir mech ze ameséieren. Et muss halt e gutt Mëschverhältnis sinn tëschent Spaass a Leeschtung. Ech wëll op alle Fall Leeschtung bréngen, ech wëll mech awer och net méi ënner Drock setzen."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Interview
Sport