Den DTD hat am Dezember, am Géigesaz zu der Sarah de Nutte, Appell gemaach géint den ëffentleche Blâme, deen de Comité-directeur vun der FLTT am November géint d’Spillerin gesprach hat.
Den Dëschtennis Diddeleng hat Formfeeler invoquéiert: Engersäits wier den entspriechende Vott net geheim an anerersäits de Sportdirekter Heinz Thews am Sall gewiescht. Domat hätt de Comité-directeur vun der FLTT géint d’Statute vun der Dëschtennisfederatioun verstouss, hat et an engem Communiqué vum DTD geheescht.