Et ass net eréischt zanter der Affär Sarah de Nutte, datt de Féierungsstil vun der Dëschtennisfederatioun een Theema ass. Dat weisen E-Mailen, déi eis virleien.
"Den Image vun der FLTT kapott gemaach"
Esou e schrëftlechen Austausch läit schonn iwwer 4 Joer zeréck. De Romain Sahr, deemolege Generalsekretär vun der Federatioun, kritiséiert am Fréijoer 2020 d'Spillerin Anouk Miny wéinst engem ëffentleche Post op de soziale Medien. D'Spillerin hat mat engem "Kräisch-Smiley" op d'Noriicht reagéiert, datt de Kontrakt vum deemolegen Nationaltrainer Peter Teglas net vun der FLTT verlängert gouf.
De Romain Sahr huet der Anouk Miny doropshi geschriwwen, mam Post op de soziale Medie géif "den Image vun der FLTT kapott gemaach" ginn. An hie freet hannendrun: "Am Intressi vu wiem? Well Spiller mengen ze decidéieren, wien den Trainer ass."
D'Anouk Miny schreift eis, déi E-Mail am Joer 2020 hätt si komplett intimidéiert, a si géif weisen, mat wéi enge Mëttele Leit am Dëschtennis ënner Drock gesat ginn.
Et gouf also scho virun der Sarah de Nutte op d'mannst eng Spillerin, déi Decisioune vun der Federatioun a Fro gestallt huet an duerno vun der FLTT ze verstoe krut, datt dat net erwënscht wier.
Äntwert vum Georges Mischo bleift nach aus
D'Sarah de Nutte hat op den Olympesche Spiller zu Paräis kritiséiert, datt si de Peter Teglas net konnt un hirer Säit hunn. Wéinst hiren Aussoe krut si vun der FLTT virun eppes méi wéi zwou Wochen en ëffentleche Blâme ausgesprach. Doropshin hate sech virun annerhallwer Woch 35 Sportler an Ex-Sportler an engem oppene Bréif op d'Säit vun der Sarah de Nutte geschloen.
Am Kontext Sarah de Nutte hat de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, d'lescht Woch eng parlamentaresch Fro un de Sportminister Georges Mischo gestallt. Deem seng Äntwert dorop steet nach aus.
Erstaunlech Aussoe vun engem Vize-President
An et gëtt e weidert Element dat weist, wéi d'Federatioun mat Kritik ëmgeet. An der Suite vum FLTT-Kongress am Mee dëst Joer demissionéiert de Camille Gonderinger, ee vun de Vize-Presidente vun der Federatioun, als Sekretär vun der Commission des statuts et règlements. An engem Mail begrënnt hien dat mat "Enttäuschung a Frust" doriwwer, datt um Kongress 21 Veräiner géint hie gestëmmt hätten.
Hie géif et dann och net méi fäerdeg bréngen, esou de Camille Gonderinger, fir "och nëmmen ee Fanger fir déi 21 Veräiner kromm ze maachen". Eng erstaunlech Positioun vun engem Vize-President, dee jo d'Intresse vun all de Veräiner vertriede soll.