Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Sugarhill Gang - Rapper's Delight

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chamberoppositioun: Heescheverbuet ass "Attack op de Rechtsstaat"

Deelweis hëtzeg Diskussiounen

Chamberoppositioun: Heescheverbuet ass "Attack op de Rechtsstaat"

D'Heescheverbuet an der Stad stoung am Mëttelpunkt vun der Chamberkommissioun fir Justiz a bannescht Sécherheet, déi den Dënschdeg op Demande vun Déi Gréng a vun der Piratepartei zesumme komm war.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wärend d‘Ministere Léon Gloden an Elisabeth Margue bei hire Positioune bliwwe sinn, gesinn d‘Oppositounsparteien, bis op d‘ADR, eng Attack op de Rechtsstaat.

D‘Gemidder hate sech och no der Reunioun net ganz berouegt, d‘Majoritéit hat de huis clos fir en Deel vun der Sëtzung gefrot, well ee keng „operationnel, strategesch Consideratiounen“ wéilt public maachen, seet de Policeminister. Dat wier „och näischt Neies“, sou de Léon Gloden.

Marc Goergen: Aner Kommissariater mussen elo personell aushëllefen

Fir de Marc Goergen vun der Piratepartei huet de huis clos awer nach aner Ursaachen. Et wier wuel „penibel“ fir d‘Regierung „wann d'Leit géife gewuer ginn, datt fir dem Léon Gloden seng Phantasien an der Stat elo aner Kommissariater musse Beamten ofginn“, sou de Piraten-Deputéierten.

Als fréierer Riichterin huet sech d‘LSAP-Deputéiert Paulette Lenert enttäuscht gewisen iwwer den Ëmgang vun der Exekutiv mat der Justiz, mee och iwwer verschidden Deputéiert, déi wuertwiertlech erkläert hunn d‘Geriichter géifen donieft leien.

Si géif sech vun de politeschen Autoritéiten erwaarden, datt se d‘Geriichter respektéieren. Wann d'Regierung géif virliewen „datt een dat einfach kann ignoréieren, mat dem Argument, datt een et besser weess, dann hu mer an eisem Rechtsstaat e Problem.“

Marc Baum: An der Kommissioun si weider Widderspréch opgedaucht

Vun engem Uschlag op d‘Gewaltentrennung huet de Marc Baum vun déi Lénk geschwat, an der Kommissioun wiere just weider Widderspréch opgedaucht.

„Dat heescht alles dat wourop d'Argumentatioun vun der Regierung berout, nämlech datt am code penal déi einfach Mendicitéit verbuede wier, seet souguer d'Police dat wier fir si net esou.“

Meenungsdivergenzen tëscht Procureur a Stater Buergermeeschtesch

Zu den Aussoe vum Procureur Georges Oswald huet déi Stater Buergermeeschtesch an DP-Deputéiert Lydie Polfer gemengt:

„Dee Procureuer, mat dem schwätze mir elo zënter aacht Joer, an dee seet zënter aacht Joer dat nämmlecht, an zënter aacht Joer si mir net mat him d'accord.”

De Procureur selwer war an d‘Kommissioun invitéiert ginn, huet awer aus Zäitgrënn ofgesot.

Lauschterenplay_arrow