Radioen

On air

Notturno  |  MJ Lenderman - Joker Lips

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi wierkt sech d'Heescheverbuet op d'Sans-abrien aus?

Inter-Actions

Wéi wierkt sech d'Heescheverbuet op d'Sans-abrien aus?

D'Heescheverbuet ass ee Sujet, deen zanter de leschte Wochen omnipresent an de Lëtzebuerger Medien ass. Nach ni stoungen d’Leit op der Strooss esou am Mëttelpunkt wéi elo. Mir wollten dofir wëssen, wéi sech d'Heescheverbuet op déi net aggressiv an net-organiséiert Heescherten an op d’Sans-Abrien auswierkt? Eis Reporterin Michelle Barthel war beim Streetwork Service vun Inter-Actions an huet do mat Leit vum Terrain geschwat.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

play_arrow
Déi erhéichte Policepresenz kéint fir Onrou bei de Leit op der Strooss suergen. (Foto: picture alliance / Zoonar | HGVorndran)

Vis à vis vum Biobuttek zu Bouneweg sinn an enger grousser Fënster vun engem ale Gebai a grénger Schrëft d’Wierder “inter-actions” ze liesen. Dobannen ass een Openthaltsraum mat zesummegewierfelte Miwwelen. Do ginn ech vun der Directrice Adjointe vun Inter-Actions empfaangen.

Kee wëll eppes Falsches soen

An deem Raum, an deem mir stinn, hänken d’Mauere voll mat Fotoen: Fotoe vu Mënschen, déi op der Strooss gelieft hunn. Déi meescht dovu si mëttlerweil dout. An enger Stonn kéinten d’Sans-abrien heihi kommen, fir sech gratis d’Hoer an de Baart maachen ze loossen. Ee Service, deen Inter-Actions ee Mol an der Woch ubitt, verzielt mir d’Directrice adjointe.

Da kënnt mäin eigentlechen Interviewpartner: de Miomir Vujovic, genannt Miki. Hien ass Educateur gradué, Streetworker a mëttlerweil Responsabele vun enger Equipe aus siwe Streetworker zu Bouneweg.

Elleng dierf ech awer net mat him schwätzen. Mat dobäi sinn de Christopher Mann an d’Corinne Cahen vun der Stad Lëtzebuerg. Mir bleiwen dobanne sëtzen, well mat op den Terrain dierf ech als Journalistin net. Dat, fir d’Privatsphäre vun de Leit ze schützen.

D’Stëmmung am Raum fillt sech ugespaant un a spéitstens de Moment, an deem ech mäi Mikro op den Dësch setzen, spiert een déi deck Loft am Raum. Elo well hei kee méi eppes Falsches soen.

Et brauch een dat néidegt Fangerspëtzegefill fir Mënschen

De Service Streetwork vun Inter-Actions gëtt vun der Stad Lëtzebuerg an vum Familljeministère finanziell ënnerstëtzt. Inter-Actions betount och, datt si als Streetwork-Service keng offiziell Meenung zum Heescheverbued vertrieden, a si wëlle sech och bewosst net dozou positionéieren.

De Miki, dee selwer op der Gare opgewuess ass, ass mat sengem ganzen Häerz dobäi. Dat gesäit een, wéi hien iwwer säi Beruff schwätzt. Hien erzielt mir, datt seng Famill, wou hie kleng war, selwer net vill Suen hat. Als Kampfsportler huet hien 2004 mat gehollef, de Projet Street-Sport op d’Been ze stellen. De Miki erkläert och, wéi wichteg et am soziale Beruff ass, dat néidegt Fangerspëtzegefill fir d’Mënschen ze hunn. Den Terrain wier net einfach an hie géif ëmmer rëm gesinn, wéi Mataarbechter mat falschen Illusiounen op den Terrain géife kommen an dann enttäuscht ginn.

D'Leit op der Strooss hunn Angscht

Elo am Wanter géif d’Aarbecht vun him a sengen Aarbechtskolleegen domat ufänken, datt d’Streetworker hiren Tour bei hir bekannt Leit maache ginn, fir ze kucken, op dës iwwerhaapt nach liewen, seet de Miki eescht. Dobäi weist hien op d’Mauer nieft sech, op där ee risege Portrait vun engem Mann gemoolt ass. “Dat war den Daniel” seet de Miki “Mir hunn zéng Joer laang probéiert, him ze hëllefen, bis hie 50 Meter vun hei fort gestuerwen ass”.

D’Stëmmung ass bedréckt. Fir d’Streetworker ass dat Alldag. Si kennen d’Suerge vun de Leit op der Strooss. Zanter datt d’Heescheverbuet viru méi wéi engem Mount a Kraaft getrueden ass, héieren och Streetworker um Terrain vun de Suerge vun de Leit op der Strooss. Si hätten Angscht, seet de Miki. Angscht, ee Protokoll ze kréien a Scholden un ze sammelen. Awer net jiddereen. Et géifen der och ginn, deenen et egal wier, seet de Miki. Mee och ofgesi vun de Protokoller, kéint déi erhéichte Policepresenz fir Onrou bei de Leit suergen, huet d’Direktesch präziséiert.

Dozou seet de Miki, datt d’Leit sech géifen zeréckzéien. Hir üblech Plazen, wou si den Dag géife verbréngen, do wier d’Heesche lo verbueden, an dowéinst géife si sech op aner Plazen zeréckzéien. Richtung Gare oder a méi kléng Stroossen, wou se awer nach Leit géife begéinen.

Perséinleche Kontakt opbauen

Fir de Miki ass d’Mënschlechkeet am Bezuch op d’Leit, déi op der Strooss liewen oder do heeschen, e wichtegen Aspekt. An do stëmmt och d’Corinne Cahen aus dem Stater Schäfferot zou, an dat, obwuel am Flyer vun der Stad Lëtzebuerg de Contraire steet.

An deem steet nämlech, et sollt een net op Heescherei agoen, an de Mënschen och keng Sue ginn. Si betount, datt een als Passant d’Leit net sollt ignoréieren. “Wann een och keng Sue wéilt ginn, kéint ee wéinstens Moie soen.", seet déi féier Famillje-Ministesch.

Perséinleche Kontakt opzebaue fir de Sans-abrien ze hëllefen :dat probéieren de Miki an déi aner Streetworker vun Inter-Actions Dag fir Dag.


Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft