Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fräie Mikro: Wéi steet et ëm déi Lëtzebuerger Demokratie?

Meenung

Fräie Mikro: Wéi steet et ëm déi Lëtzebuerger Demokratie?

An der Politik schéngt de Wuerm dran ze sinn - global wéi och national. Beim Klimaschutz bis bei d'Geheeschs stellt sech d'Fro: ginn aus Elefante Mécke gemaach oder ëmgedréit? Dofir soll der Demokratie mol de Bols gefillt an d'Temperatur geholl ginn, fir ze kucken, ob de Patient Staatsmodell net awer kränkelt. Dozou e Fräie Mikro vum Jean-Luc Thill.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Demokratie kléngt einfach, ass et awer net. Déi al Griichen hu se zwar erfonnt, awer sech selwer net laang dru gehal. Den Aristoteles fënnt se kompatibel mat der Sklaverei an nach den Churchill war iwwerzeegt, Demokratie wier am Fong déi schlechtst vun allen Regiergunsgformen, wann och ëmmerhin déi bescht vun all deenen, déi bis ewell probéiert goufen.

A kuckt een eis politesch Realitéit – national sou gutt wéi europäesch - da stellt sech d'Fro, vu wat mer dann eigentlech schwätzen, wa mer de Begrëff vun der Demokratie benotzen.

Eng Fro vu politescher Kultur

Bleiwe mer mol heiheem: d'Chamber ass gewielt an, wat ëmmer erëm gäre vergiess gëtt, d'Regierung net. Eis Deputéiert stëmme Gesetzer – net ouni den Avis vum Staatsrot. Dat kléngt einfach an ass et och . Op d‘mannst bis een déi Gesetzer da liest. Da muss ee feststellen, datt vill Texter déi Chamber passéieren, fir dat kleng Gedréckt nawell gären op groussherzoglech Arrêtéen an lettre ministeriellë verweisen. An déi ginn aus iergendwelleche gudde bis manner gudde Grënn ëmmer réischt méi spéit geliwwert.

Wat ass dat fir eng demokratesch Kultur, wann d'Regierung – also d'Ministeren - Spillreegele fir déi konkret Ëmsetzung vu Gesetzer ëmmer erëm kënnen änneren, ouni déi gewielte Volleksvertrieder also d'Chamber nach emol laang mussen ze Froen? Et ass wéi wann d'Ee zum Hong géif soen: du kanns mech zwar leeën, awer wéi et weidergeet soen ech; an zwar méi spéit. Oder wéi verstitt Dir déi ganz Polemik a Gedauschs ronderëm d'Heescheverbuet?

Grouss Distanz tëscht Demokratie an demokrateschem Modell

Frot Iech selwer mol, wéini Dir fir d'lescht e Mémorial wierklech gelies hutt – wuelverstanen als Bierger – net aus beruffleche Grënn. Op anere Plazen heescht et jo net fir näischt: Vertrauen ass gutt a Kontroll awer besser; respektiv wat geschitt wann d'Vernonft dreemt oder schléift, fir un dem Goya seng Radéirung ze erënneren.

Sou schéngt och heiheem déi politesch Wierklechkeet vum demokratesche Modell wäit ewech ze sinn - an d'Land vun de kuerze Weeër riskéiert, datt grad dës sou kuerz ginn, datt jidderee sech just nach op de Féiss steet.

Dem amerikanesche Cowboy seng Constitutioun huet net fir näischt 'amendments' zum Beispill den éischten an de sechsten - well normalerweis wackelt d‘Kou mam Schwanz – an net de Schwanz mat der ganzer Kou .

Wann dat bis geschitt, da bleift dem gebilten Europäer soss näischt iwwreg wéi vigilant ze bleiwen.

Lauschterenplay_arrow