D'Etüd vum Statec, ëm déi et hei geet, analyséiert, wou d'Leit wéi eng Sprooch benotzen a fir den ADR-Fraktiounspresident Fred Keup ass et déi heite Konklusioun.
"De Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch geet zeréck. Et gëtt ëmmer manner Lëtzebuergesch geschwat, dat seet de Statec."
Dem Fred Keup seng Interpretatioun gëtt net gedeelt
Fir d'CSV-Deputéiert Françoise Kemp seet d'Statec-Etüd eppes aneschter aus.
"Datt déi absolut Zuel vun de Residenten, déi Lëtzebuerg als hir Haaptsprooch uginn, an d'Luucht gaangen ass. Dëst par Rapport zu 2011 vun 265.000 op 275.000, mee relativ gesinn zur Bevëlkerung wier de Gebrauch erofgaangen."
Den André Bauler vun der DP ënnersträicht dann och, datt de Statec et selwer a sengem Bericht erwäänt, datt dat net géing heeschen, datt 39 Prozent vun den Awunner d'Lëtzebuerger Sprooch guer net géing beherrschen.
Bei verschiddene Fäll ass et net ganz kloer
De Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, betount, datt d'Etüd sech mam Gebrauch vun der Sprooch befaasst.
"Ee portugisescht Kand, wat zu Lëtzebuerg an d'Schoul gaangen ass, wat awer doheem Portugisesch geschwat huet, wat elo zu Lëtzebuerg schafft an och perfekt Lëtzebuergesch schwätzt, wat soll dat dann uginn, wat seng Haaptsprooch ass? Ass et Lëtzebuergesch? Ass et Portugisesch?"
Och de Kulturminister Eric Thill ënnersträicht, datt an där Etüd eng eenzeg Haaptsprooch gefrot gouf, awer net ewéi vill Sproochen ee soss nach kann. An déi gréng Deputéiert Sam Tanson notéiert:
"Ons Literatur, de Kino, d'Televisiouns-Serien op Lëtzebuergesch hu sech an deene leschte Joren exponentiell entwéckelt. De Film an de Buchpräis zejoert goungen u Wierker a Lëtzebuerger Sprooch. Am Alldag gëtt op Facebook, WhatsApp, etc op Lëtzebuergesch geschriwwen."
Och d'Lëtzebuergeschcoursen an déi digital Applikatioune fir Lëtzebuergesch ze léiere géifen ëmmer méi zouhuelen. Si hätten een enorme Succès esou de Kulturminister.