D'selwecht wéi Virriedner vun him sot de Premier, datt d'Gesellschaft all Dag un der Demokratie schaffen a se verteidege misst.
Zu Lëtzebuerg géif d'Demokratie gutt fonctionéieren, sot de Luc Frieden. Fir deen een zejoert oder virzejoert vläicht net op d'Iddi vun esou enger Debatt komm wier, mee d'US-Walen an hir Auswierkunge géifen dozou féieren.
DP: Vertrauen an d'Demokratie stäerken
Den André Bauler huet vu giganteschen Ëmwälzungen duerch déi nei US-Regierung geschwat. Et hätt ee gesinn, datt de Rechtsstaat séier kéint a Fro gestallt ginn. Et wier méi Vertrauen an d'Demokratie néideg.
"Et gëtt een d’Gefill net lass, dass méi wéi jee souwuel intern wéi och extern Acteuren ëmmer nees versichen, fir d’Fëllementer vun eisen demokratesche Systemer ze ënnergruewen."
Et géif och e Wandel an den Usiichten heiheem ginn, esou den DP-Deputéierten. Fir deen d'Demokratie kee Selbstleefer an en Asaz fir de Rechtsstaat néideg ass.
D'LSAP plädéiert fir méi politesch Bildung an de Schoulen
Och d'Taina Bofferding huet fonnt, datt d'Demokratie misst gestäerkt ginn. Well och bei eis géif et ëmmer méi Zoustëmmung fir Rietspopuliste ginn. Si huet nach eng Kéier drun erënnert, datt ee viru genee engem Mount an der Chamber een Zeeche géint een ADR-Deputéierte gesat hätt mat enger Resolutioun, déi sech géint Haass, géint Diskriminatioun a géint Gewalt ausgeschriwwen huet.
Der LSAP-Deputéiert no bräicht et ënner anerem méi politesch Bildung an de Schoulen.
déi gréng: Institutioune stäerken an d'Bierger bedeelegen
D'Sam Tanson gesäit d'Situatioun als eescht un, well d'Demokratie duerch Manipulatioune géif geschwächt ginn.
"D’Methoden, fir Demokratien ze destabiliséieren, hu sech och geännert. Et sinn net méi nëmmen Diktatoren, déi se vu baussen ugräifen, et sinn och Fake News, Social-Media-Algorithmen a populistesch Beweegungen, déi se vu bannen eraus zersetzen."
Fir d'Politikerin vun déi gréng misst ee resolut géint dës Gefore virgoen an dofir d'Wourecht verteidegen, d'Institutioune stäerken an d'Bierger:inne bedeelegen.