"Mir hoffen ee gesellschaftleche Konsens ze fannen", hat de Luc Frieden viru knapp annerhallwem Joer gesot. Dëst wier eng "schwéier, mee mëttel- a laangfristeg absolut noutwenneg Debatt", hat de Regierungschef deemools betount.
Am Regierungsprogramm vun CSV an DP fir d'Joren 2023 bis 2028 stoung ënner anerem ze liesen.
"L'assurance obligatoire restera le pilier central du système de pension. La possibilité d’une promotion accrue du deuxième et troisième pilier de prévoyance vieillesse sera analysée, notamment par une amélioration des allégements fiscaux."
D'Gewerkschafte wiere sech géint eng Reform
Vu Gewerkschaftssäit koum ënner anerem Kritik, well eng eventuell Reform vum Pensiounssystem am Walkampf 2023 nach keen Theema war. Ënner de Kritiker war de CGFP-President Romain Wolff.
"Dat ass Bedruch um Wieler. Mir haten och scho Mëtt 2023, mir hu jo déi Walprüfsteine, no eng vun de Froen, iwwer eng méiglech Rentereform. An d'DP huet deemools gesot, nee. An d'CSV huet laanscht d'Fro geäntwert."
Pensioune wiere keng Sozialhëllef, mee et wier dat, wat d'Leit sech iwwer ee Liewen erschaffen, hat d'Presidentin vum OGBL Nora Back Ufank 2024 an Erënnerung geruff. Et wier net ubruecht onsozial Mesuren ze ergräifen, wann ee gläichzäiteg eng Reserv vu 24 Milliarden Euro hätt.
Och den LCGB-President Patrick Dury hat sech géint Verschlechterungen ausgeschwat: hei seng Ausso an der Ried um 1. Mee d'lescht Joer.
"Fir och hei ganz kloer ze sinn, den LCGB refuséiert kategoresch, datt eise Rentesystem, deen op d'Solidaritéit baséiert, futti geschloe gëtt, well en duerch eng Grondrent mat Pension complementaire soll ersat ginn."
D'Patronat erwaart e Projet de loi nach an dëser Legislaturperiod
Am Wirtschafts- a Sozialrot (CES) haten d'Vertrieder vun de Gewerkschaften a vum Patronat am Summer zwee getrennten Avisen ugeholl. Et war net méiglech eng eenheetlech Positioun zur Zukunft vum Pensiounssystem ze fannen.
D'Patronat ass zum Beispill géint méi héich Cotisatiounen a proposéiert prioritär Kierzunge bei de Pensiounsausgaben. Den Direkter vum Daachverband UEL Marc Wagener erwaart sech, datt dës Regierung Neel mat Käpp mécht. Hie géif sech erwaarden, datt d'Politik nach an dëser Legislaturperiod seet, wat se wëlles huet an och nach ee Projet de loi annoncéiert.
D'Studentenassociatioun pocht op en Urechne vun de Studentejoren
Ee vu ville Punkte bei den Diskussiounen iwwer de Pensiounssystem ass d'Unerkenne vun de Studiejoren. Dozou hat den Gianni Di Paoli, de President vun der ACEL, dem Verband vun de Studentencercelen de leschten Oktober erkläert, datt een d'Studiejoren am Kader vun den Zourechnungszäite kéint vun 18 bis 27 Joer urechne loossen. Dat heescht, fir datt ee kéint mat 60 Joer an d'Pensioun goen, zielen déi do mat. Dat wier eng Valorisatioun vum Studium a géif d'Leit encouragéiere fir och weiderhi studéieren ze goen.
Sozialministerin: De System muss finanzéierbar sinn
D'Sozialministerin Martine Deprez (CSV) hat viru gutt zwee Méint am 100,7-Interview gesot, datt si d'Gefill hätt, op ee Konsens an der Fro vun der Ofsécherung vum Pensiounssystem kënnen ze kommen. All Léisung misst schlussendlech dofir suergen, datt de System nohalteg finanzéierbar ass.
"Dat heescht net onbedéngt no nohaltege Krittären, mee e muss nohalteg finanzéierbar sinn a bleiwen."
Déi zweete Phas vun hirer Consultatioun hat d'Sozialministerin virun engem gudde Mount virgestallt. Dozou gehéieren och dräi Ronne mat Experten, dëse Freideg, an dann de 4. Abrëll an de 24. Abrëll. Diskutéiert gëtt och do iwwer déi finanziell Ofsécherung vum System. No der zweeter a leschter Consultatiounsphas missten déi politesch Responsabel dann hir Verantwortung iwwerhuelen, hat d'Martine Deprez den 12. Februar ugekënnegt.