D’Regierung wier och, grad wéi hir Virgängerinnen, dofir, datt de Sëtz vun der SES zu Lëtzebuerg bleift. An der Froestonn un d’Regierung wollt de Franz Fayot vun der LSAP wëssen, wéi d’Regierung zu den Iddie vum US-Investmentfong Appaloosa zur Zukunft vum Satellittebedreiwer vu Betzder stéing.
Dee wëll jo d’Kontroll vum Grand-Duché iwwer d’Entreprise limitéieren.
Donieft ass eng Resolutioun eestëmmeg ugeholl ginn, déi de Charel Weiler vun der CSV abruecht huet, fir d’Spezialkommissioun Caritas zwee Méint méi laang schaffen ze loossen.