Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bundestag gëtt gréng Luucht fir milliardeschwéiere Scholdepak

500 Milliarden Euro

Bundestag gëtt gréng Luucht fir milliardeschwéiere Scholdepak

Gréng Luucht am Bundestag zu Berlin fir de milliardeschwéiere Scholdepak vun Unioun an SPD: Dat mellt déi däitsch Presseagence. Beim zweet Vott wier déi néideg Zweedrëttelmajoritéit mat de Stëmme vun Unioun, SPD an déi Grünen erreecht ginn. Den entscheedende Vott an drëtter Lecture steet awer nach aus.

auto_stories

1 min

Bundestag | © picture alliance/dpa | Christoph Soeder
Bundestag (Foto: picture alliance/dpa | Christoph Soeder)

Den ale Bundestag, deen ofstëmmt, muss de Finanzpak mat enger Zweedrëttelmajoritéit unhuelen. Am Ganze sollen doduerch 500 Milliarden Euro fir Verdeedegung, Infrastruktur a Klimaschutz deblockéiert ginn. 

Knapp war et iwwerdeems net: Et gouf iwwer 20 Stëmme Puffer. Konkret gouf iwwer eng Ännerung vun 4 Verfassungs-Artikel ofgestëmmt fir déi sougenannt Scholdebrems méi labber ze maachen.

Den Uniouns-Chef a warscheinlech zukünftege Bundeskanzler Friederich Merz, huet déi geplangt Scholde mat der Sécherheet vun Däitschland, Europa an der NATO justifiéiert. Ier dat Realitéit gëtt, muss de Bundesrat e Freideg awer nach säin Accord ginn.