Déi néideg Zwee-Drëttel-Majoritéit konnt erreecht ginn, well d‘Regierungskoalitioun aus Bayern, also CSU a Freie Wähler sech ufanks der Woch eens gi sinn, fir fir d‘Verfassungsännerung ze stëmmen.
D‘Grundgesetz, also déi däitsch Verfassung muss geännert ginn. Eréischt dann huet déi nei däitsch Regierung déi theoretesch Méiglechkeet, onlimitéiert vill finanziell Moyene an Defense, den Zivilschutz, de Geheimdéngscht oder Cybersécherheet ze investéieren.
Als nächst muss elo nach de Bundespresident Frank Walter Steinmeier nach emol kontrolléieren op déi Gesetzesännerung konform mam Grondgesetz ass an, gesate Fall, d’Gesetz ënnerschreiwen an dat soll nächst Woch iwwert d’Bün goen.