Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Friedrich Merz wëll nach haut mat der SPD-Spëtzt schwätzen

No de Bundestagswalen

Friedrich Merz wëll nach haut mat der SPD-Spëtzt schwätzen

D‘Unioun wëll no der Bundestagswal séier Koalitiouns-Gespréicher mat de Sozialdemokrate féieren. Dat huet de CDU-Chef a warscheinlech nächsten däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz virun der Press ugekënnegt. D‘SPD sicht no der Néierlag iwwerdeems Erklärungen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© picture alliance/dpa | Marcus Brandt play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Marcus Brandt)

De Friedrich Merz wéilt nach haut mat der SPD-Spëtzt schwätzen an an den nächsten Deeg dann och mam Bundeskanzler Olaf Scholz. Prioritär soll iwwert d‘Theme Migratioun, Ekonomie, Sécherheets- a Baussepolitik geschwat ginn. Bis Ouschtere wëll de Friderich Merz eng nei Regierung stoen hunn. Souwuel vun der Unioun wéi vun der SPD gi sech awer schwiereg Verhandlungen erwaart, heescht et.

Zesummenaarbecht mat SPD a Grénge fir d'Scholdebrems

De Friedrich Merz huet och duerchblécke gelooss, datt hien oppe wier fir Gespréicher mat der SPD an de Gréngen, wat eng méiglech Reform vun der sougenannter "Schuldenbremse" ugeet – an zwar nach éier den neie Bundestag fir d’éischte Kéier zesummekënnt. Hannergrond ass, datt am neie Bundestag wuel keng Verfassungsännerung méi méiglech ass. Wéinst der Stäerkt vun AfD a Lénkspartei hunn Unioun, SPD a Gréng dann net méi déi néideg 2/3-Majoritéit.

Eng Reform vun der Scholdebrems ass ënnert anerem néideg, fir laangfristeg d’NATO-Ausgabe vum Land ze erhéijen an déi militäresch Ënnerstëtzung vun der Ukrain weider oprecht ze erhalen. Am Walkampf haten Unioun a Friedrich Merz esou eng Reform nach ofgeleent. 

SPD zitt keng radikal Konsequenzen

D’Partei vum Olaf Scholz huet haut dann no Erklärunge fir hirt Walresultat gesicht. Et wier eng dramatesch Neierlag, sot den SPD-Parteichef Lars Klingbeil. Radikal Konsequenzen zitt d’Partei awer an éischter Reaktioun net. De Lars Klingbeil soll souguer méi Aufgabe kréien.

Et ass schonn erstaunlech, datt een, dee groussen Undeel un enger Walnéierlag huet, duerno méi Responsabilitéit kritt. Ma den SPD-Chef Lars Klingbeil kritt elo mol eng zweet Aufgab dobäi, eng mat vill Gewiicht: Hie soll e Mëttwoch, wa sech d’SPD-Bundestagsfraktioun trëfft, neie Fraktiounschef ginn.

Datt de Lars Klingbeil d’Duebelroll vum Partei- a Fraktiounschef iwwerhëlt, dierft och eng Decisioun en vue vu méiglech Koalitiounsgespréicher mat der Unioun sinn. Säi Géigeniwwer, de Friedrich Merz, huet nämlech déi selwecht zwou Aufgaben. E Selbstleefer wäerten esou Gespréicher, wann et se da gëtt, net ginn, seet de Lars Klingbeil.

Olaf Scholz iwwerhëlt Verantwortung fir d'Néierlag

D’Walnéierlag vun der SPD hëlt un éischter Linn de Kanzler Olaf Scholz op seng Mutz. Hien hätt d’Verantwortung iwwerholl fir d’Victoire viru 4 Joer: E géif se haut huele fir d’Néierlag. Fir den Nach-Bundeskanzler geet et duerno, wann déi nei Regierung steet, als Deputéierte weider.

Verléierer am Muechtpoker ass de Rolf Mützenich, dee bis elo SPD-Fraktiounschef war. Hien huet och säin Direktmandat zu Köln verluer – wäert awer iwwert d’Landeslëscht an de Bundestag anzéien. 

  Lauschterenplay_arrow